
De Weekend vum 6. a 7. September 2025 dréint sech um Veiner Schlass alles ronderëm d’Welt vum Pabeier – vun der Hierstellung iwwer kreativ Verwendunge bis hin zu Pabeierkonscht, déi faszinéiert. D’Visiteure kënnen am historesche Gemaier vum Schlass ënnert anerem verschidden Drocktechniken entdecken. Doriwwer eraus ass och ee Maart, mat wäertvollen an antike Bicher an enger Hellewull anerer Verkafsstänn.
D’Schlass ass an deem Kader och besonnesch gerëscht – mat Deko aus Pabeier vun der Kënschtlerin Eliane Lothritz. Fir déi passend musikalesch Stëmmung suergt wärend deenen zwee Deeg den Ensemble „Puritatem“ an der ieweschter Schlasskapell.

D’Veiner Schlass ass de 6. a 7. September vun 10 bis 18 Auer op. Profitéiert am Kader vun de Veiner Pabeier- a Béicherdeeg vu méi gënschtegen Entréespräisser: Erwuessener bezuele 5 Euro Entrée, Kanner, Jugendlecher a Studente komme gratis eran.
Veianen ass gutt mam ëffentlechen Transport z’erreechen. Esou kritt ee beispillsweis e Bus vun der Ettelbrécker Gare aus op Veianen. All d’Informatiounen zum ëffentlechen Transport ginn et op mobiliteit.lu.
Wee léiwer mam Auto kënnt, dee fënnt Parkméiglechkeeten a Veianen. Eng gratis Navette bréngt d’Visiteuren aus Veianen bis erop bei d’Schlass. D’Navette hält ënnert anerem beim Servior Schlassbréck, op der Gare, bei der Larei an och an der Grand-Rue. Den detailléierte Plang an d’Auerzäite vum Départ vun der Navette kann een hei nokucken: https://castle-vianden.lu/events/4-veiner-pabeier-a-beicherdeeg/