
Déi véier Gemenge mat touristescher Vocatioun am Norde vum Land, Kiischpelt, Cliärref, Wäiswampech an Ëlwen, hu sech zesummegedoen fir d'Promotioun "Vëlosummer 2020" vum Tourismusministère ze ënnerstëtzen. D'Initiativ "VëloViaNorden" reservéiert ongeféier 30 km Strooss fir de Vëlosfuerer an dëst de Weekend vum 1. bis den 2. August 2020.
D'Lëtzebuerger Ardennen sinn déi perfekt Destinatioun fir en Ausfluch op zwee Rieder. E Samschdeg a Sonndeg, den 1. an 2. August, kënne Vëlosbegeeschterter en "temporäre" Vëloswee entdecken, dee vun Äischer duerch Cliärref weider op Wäiswampech, laanscht de Séi bis op Wilwerdang geet an zu Huldang d'Verbindung mat der berühmter Vennbahn mécht. Ongeféier 30 km Strooss sinn fir de motoriséierten Trafic a Form vun enger "C2 blockéierter Strooss" gespaart. D'Zirkulatioun vu Bussen an Awunner ass awer autoriséiert, wat implizéiert datt Vëlosfuerer de Code de la Route fir d'ganz Längt vun hirer Stréck musse respektéieren.
Dës aussergewéinlech Streck stellt ouni Zweiwel eng zousätzlech touristesch Attraktioun fir déi wonnerschéi Regioun Éislek duer. Awunner an Touriste kënnen den Norde vu Lëtzebuerg mam Vëlo entdecken, andeems se vun der Vennbahn- oder dem RAVel-Réseau profitéieren oder ee vun den dräi Circuiten "Gënzentour", "Panoramatour" a "Jardins à suivre" verfollegen. Duerch d'Verbindung vun der Nordspëtzt vum Grand-Duché mam internationale Vëlosnetzwierk sinn Ausflich an d'Stied ewéi Sankt Vith, Oochen a Maastricht liicht méiglech.
Dës gemeinsam Approche, déi komplett an d’Campagne "Vakanz Doheem" vun der Regierung integréiert ass, erlaabt den Awunner an den Touristen, déi lokal Landschaft ze bewonneren, ze besichen an d’lokal Wirtschaft z'ënnerstëtzen: e klengen Openthalt an den Dierfer, en Dësch an engem vun de Restauranten laanscht d'Streck reservéieren an eng Nuecht an den Hoteller a Campingsplaze vun der Géigend verbréngen. Eng Geleeënheet och fir vum Iwwernuechtungsbong ze profitéieren, deen den Tourismusministère offréiert huet.
Den Zuchtransport, mat Statiounen zu Kautebaach, Wëlwerwolz, Draufelt, Cliärref an Ëlwen, vereinfacht den Ausfluch fir déi, déi d'Streck verkierze wëllen oder den Zuch fir de Retour notze wëllen.
Besicht d'Websäit www.velovianorden.lu fir all méiglech Offeren ze entdecken, Kontakter fir d’Lokatioun vu Vëlo oder Ebike mat abegraff.