Sponsored ContentWéi fannt Dir déi richteg Bank fir Iech zu Lëtzebuerg?

RTL Lëtzebuerg
Dir plangt an nächster Zukunft an d’Land ze kommen, da wäert eng vun Ären éischten Etappen dora bestoen, e Kont op enger Bank opzemaachen.

Wann Dir grad eréischt zu Lëtzebuerg ukomm sidd oder wann Dir plangt, an nächster Zukunft an d’Land ze kommen, da wäert eng vun Ären éischten Etappen dora bestoen, e Kont op enger Bank opzemaachen. Mä fir wéi eng Bank sollt Dir Iech decidéieren? Kënnt Dir schonn e Kont opmaachen, éier Dir op Lëtzebuerg kommt? Wat ass déi bescht Manéier, fir Suen an d’Ausland ze iwwerweisen? Hei sinn e puer Tipps, déi Iech hëllefe wäerten, mat enger Partie Erausfuerderungen am Finanzberäich, déi vläicht op Iech duerkommen, ëmzegoen.

D’Bankwiesen zu Lëtzebuerg ass net besonnesch komplizéiert, och wann Dir schonn eng Zäitche keen neie Kont op enger Bank méi opgemaach hutt. Déi meeschte Banken zu Lëtzebuerg hunn eng grouss Clientèle vun Expats, an ronn e Véierel vun hinne sinn auslännesch Bankfilialen. 

E Kont op enger Bank opmaachen
D’Prozedur ass normalerweis einfach, wann Dir all déi wichteg Dokumenter virleeë kënnt. Wann Dir e Kont fir eng Privatpersoun opmaache wëllt, braucht Dir e gëltegt Identifikatiounsdokument, wéi en EU/EWR[1]-Pass oder eng Carte d’identité oder en EU/EWR-Führerschäin. Dir musst en Noweis fir Är Adress mat Ärem Numm matbréngen, z.B. e Certificat de résidence vun Ärer Gemeng, e Locatiounsvertrag, e Beweis vun enger Hypothéik op engem Haus oder esouguer eng rezent Stroumrechnung. Verschidde Banke kënnen och e Beweis froen, datt Dir schafft, z.B. eng Kopie vun Ärem Aarbechtsvertrag oder e Certificat vun Ärem Employeur.

De Problem ass, datt Dir als Expat oder als Persoun, déi nei an d’Land kënnt, oft schonn éier Dir op Lëtzebuerg kommt e Bankkont braucht, fir  eng Wunneng ze fannen . Wann Dir Locataire sidd, musst Dir 2 bis 3 Méint Loyer als Kautioun am Viraus bezuelen. Dat bedeit, datt Dir e Kont bei enger Bank zu Lëtzebuerg musst hunn, fir d’Bankgarantie ze hannerleeën. Wann Dir an deem Fall sidd, da maacht Iech keng Suergen. Ëmmer méi Banken zu Lëtzebuerg bidden Expat-frëndlech Offeren un, déi Iech erlaben, e Bankkont aus dem Ausland opzemaachen. Dir kënnt esouguer Äre Bank- a Spuerkont online opmaachen. Dofir braucht Dir just Är Demande an déi gefroten Dokumenter anzeschécken: Äert gëltegt Identifikatiounsdokument, Är Steieridentifikatiounsnummer (Tax Identification Number - TIN) an d’Coordonnéeë vun engem existente Bankkont. No e puer Aarbechtsdeeg ass Äre Kont op der Bank op!

Wann Dir Kreditkaarten, Debitskaarten oder aner Finanzdéngschtleeschtungen, déi un Äre Kont gebonne sinn, an Usproch huele wëllt, da musst Dir Äert Akommes iwwert e gewëssen Zäitraum noweisen, z.B. mat Äre leschte Paiziedelen. Wann dat net méiglech ass, muss all Mount e bestëmmte Betrag, dee festzeleeën ass, op Äre Kont iwwerwise ginn.

Wann Dir ausserhalb vu Lëtzebuerg wunnt, awer am Land schafft, kënnt Dir e Kont fir Non-Residenten opmaachen. Fir d’Korrespondenz musst Dir nëmmen Är Adress noweisen, wann Dir an engem Nopeschland wunnt.

D‘Banken zu Lëtzebuerg bidde verschidde Packagen un, jee nodeem wéi vill Betreiung Dir vun enger Bank braucht, an ob Dir eng Famill sidd, déi sech zu Lëtzebuerg etabléiert, e Geschäftsreesenden, e jonken Entrepreneur oder iergendeppes dertëschent. Dës Packagen ëmfaassen all Mount Extraiten, Zougang zu Transaktiounen, Online-Banking, Bankkaarten, Zougang zu Kreditter, Investissementer, Versécherungen a Wäertpabeierkonten. Zéckt net, d’Käschte vun deene verschiddene Banken ze vergläichen, an iwwerpréift all Package, éier Dir e Kont op enger Bank opmaacht. Vergewëssert Iech, datt Dir all d’Fraisen, déi méiglecherweis op Iech duerkommen, verstitt, dozou gehéieren och Fraisë fir Äre Kont, fir d’Kredit- an d’Debitskaarten. Verschidde Banke limitéieren d’Zuel vun den elektroneschen Iwwerweisungen, déi Dir all Mount ouni Käschte maache kënnt. Dir kritt och vläicht Käschte verrechent, wann Dir Suen op engem anere Bancomat wéi deem vun Ärer Bank ophieft. D’Banken zu Lëtzebuerg schaffen net alleguer zesummen.

Suen an d’Ausland iwwerweisen
En heefege Bestanddeel vum Expat-Banking ass d’Iwwerweise vu Sue vun engem Land an en anert, sief et Suen an d’Land eran transferéieren oder nom Plënneren an d’Land Paiementer maachen. Zu de méigleche Problemer zielen d’Fraisen, déi souwuel vun der Bank, déi de Paiement ausstellt, wéi och vun där, déi de Paiement kritt, kënnen erhuewe ginn, wéi laang et dauert, bis de Paiement ukënnt a Froe ronderëm d’Benotze vun de Kreditkaarten am Ausland. Am beschten ass et, Dir schwätzt fir d’éischt mat Ärer Bank, wann Dir et regelméisseg mat grenziwwerschreidende Paiementer ze dinn hutt, fir datt Dir vun där gënschtegster Léisung profitéiere kënnt. D’Banken offréieren hautdesdaags vill méi wéi an der Vergaangenheet an et ass villes méi einfach ginn, besonnesch an Europa. Dir braucht am Fong net méi verschidde Banken, alles ka vun engem Bankkont vu Lëtzebuerg aus erleedegt ginn.

Haut hunn Expats a Leit, déi nei an d’Land kommen, d’Méiglechkeet, Suen ze iwwerweisen an Domiciliatiounen anzeriichten. Mam Mobile Banking ass dat nach méi einfach gemaach ginn. Déi meeschte Banken zu Lëtzebuerg bidden eng breet Gamm u Servicer iwwer hir Smartphone-Appen un.

Steierlech Informatiounen
An zu gudder Lescht bidde vill Banken, dorënner och d’ING, den Expats an deenen, déi nei an d’Land kommen, en exklusiven Zougang zu engem Team vun Experten, déi all hir Froen am Zesummenhang mat der Fiscalitéit beäntwere kënnen. Op de Spuerkonte ginn d’Zënse besteiert, mä e gudden Deel vun den Erspuernesser ka vun de Steiere befreit ginn a verschidde Produiten, wéi z.B. Bauspueren, Renteversécherungen a gemëschte Liewensversécherunge bidde steierlech Virdeeler.

Klickt hei, wann Dir méi Informatiounen iwwer eisen ING Expat-Package kréie wëllt.

[1] EWR: Europäesche Wirtschaftraum. D’Memberlänner sinn déi 28 EU-Staaten, Island, Liechtenstein an Norwegen.

Back to Top
CIM LOGO