Sponsored ContentWéi kënnt dir Är Steieren optiméieren?

RTL Lëtzebuerg

Déi meescht Lëtzebuerger a Grenzgänger mussen all Joer zu Lëtzebuerg eng Steiererklärung ausfëllen.

Och wa Lëtzebuerg de Ruff huet, manner komplizéiert ze si wéi eis Nopeschlänner, komme bestëmmt Froen ëmmer erëm op.

Bestuet a gepacst Koppelen - gemeinsam oder individuell Besteierung?

Als bestuet oder gepacst Koppel kënnt dir iech entscheede fir:

  • zesummen an der Steierklass 2 besteiert ze ginn,
  • duerch eng strikt Eenzelveranlagung besteiert ze ginn, dat heescht all Partner gëtt eenzel an der Steierklass 1 fir säin Akommes besteiert,
  • duerch eng Eenzelveranlagung mat Ëmverdeelunge vun de Revenue besteiert ze ginn.

D'Entscheedung fir eng gemeinsam oder individuell Besteierung muss unhand vun enger gemeinsamer Demande, déi vun den zwee Partner ënnerschriwwen ass, ugefrot ginn.

Dëst kënnt dir unhand vun engem Online Formular op www.guichet.lu oder awer och duerch d'Iwwermëttlung vun dëser spezieller Demande un dat zoustännegt Departement vun der Steierverwaltung maachen.

Wat fir Deductioune kann ech uginn?

Et gëtt eng gewëss Unzuel vun Deductiounen, déi ech ugi kann. Beispiller sinn:

  • Beruffskäschten (Käschte bei der Ausféierung vun enger net-selbstänneger Aktivitéit)
  • Zuelungen un de gescheeten Ehepartner, Ënnerhalt oder aner permanent Pensiounen
  • Obligatoresch sozial Contributiounen a Steieren
  • Contributiounen a Primme vun der Versécherung
  • Paiementer vu Primme fir e Kontrakt fir Prévoyance vieillesse
  • Bäitrag fir e Bauspuervertrag
  • Bäiträg zu enger Zousazpensioun, Spenden oder Subventiounen, asw.
  • Käschte fir Hauspersonal a Kannerbetreiung

Bis wéini muss ech d'Steiererklärung spéitstens agereecht hunn?

D'Steiererklärung muss bis den 31. Dezember agereecht ginn. Dës Frist gëllt souwuel fir Leit, déi eng Steiererklärung mussen ofginn, wéi och fir déijéineg, déi se fräiwëlleg ofginn. Den LCGB rot Iech, d'Steiererklärung esou bal wéi  méiglech ofzeginn, fir esou schnell wéi  méiglech de Remboursement ze kréien.

Den LCGB steet iech zur Säit a kuckt zesumme mat iech, wéi eng Optioun besser ass. Donieft informéiert den LCGB och iwwert déi verschidde Fräibeträg an hëlleft senge Membere (> 6 Méint) gratis beim Ausfëlle vun der Steiererklärung.

Weider Informatiounen zu dësem Service fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO