Footballstadion
Pressekonferenz e Freideg mat Polfer, Schneider a Philipp

No de villen Diskussiounen an de leschte Wochen iwwert en neie Footballstadion, schéngen déi zoustänneg Politiker den Eescht vum Dossier erkannt ze hunn.
E Freideg soll, RTL-Informatiounen no, eng Pressekonferenz sinn, wou d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, de Sportminister Romain Schneider, an den FLF-President Paul Philipp, d'Zäitschinn fir den neie Stadion tëscht der Cloche d'Or an der Kockelscheier, fir déi nächst Méint an Joren, presentéieren.
VIDEO: De Stadion op der Areler Strooss
D'FLF huet vun der UEFA eng leschten Dérogatioun fir den Heemmätch geint Spuenien den 12.Oktober zougesprach kritt.
Am meeschte gelies