Angelique Kerber wënnt d'Finall géint d'Alizé Cornet
Mat enger impressionanter Ophueljuegd huet déi fréier däitsch Nummer 1 d'Finall awer nach gewonnen. D'Spectateuren hunn e spannende Match gesinn.
Et war déi véiert Editioun vum Luxembourg Ladies Tennis Masters an der Coque. An der dësjäreger Finall konnt sech d'Angelique Kerber 1:6, 6:3 an 10:7 géint d'Alizé Cornet duerchsetzen.
Am éischten Duerchgang hat d'Franséisin kloer d'Iwwerhand. Si konnt sech géint d'Däitsch zwee Breaks sécheren an de Saz kloer 6:1 gewannen. D'Kerber huet am zweete Saz zu hirem Spill fonnt.
Nom 6:3 gouf de Match am Tiebreak decidéiert, wou d'Kerber hir Géignerin phaseweis iwwer den Terrain gejot huet an um Enn 10:7 gewonnen huet. D'Däitsch huet sech an de leschte véier Méint no der Gebuert vun hirem Kand extra fir dësen Tournoi an eng Toppform bruecht a gouf dofir mam Titel belount.
Am Virfeld vun der Finall hunn d'Lëtzebuerger Gilles Muller, Gilles Kremer a Mandy Minella zesumme mat der Ambassadrice vun dem Turnéier Daniela Hantuchova e Showmatch am Dubbel zum Beschte ginn.
Am Kader vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters hat RTL d'Méiglechkeet, e méi laangen Interview mam Angelique Kerber opzehuelen. Dësen ass vun e Méindeg un am RTL-Sport-Podcast "Drëtt Hallschent" ze fannen.
All d'Fotoe vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters fannt Dir hei.