Rout Léiwe wëlle géint d'Slowakei deen éischte Punkt

© Fernand Schmitz
E Méindeg um 20.45 Auer spillt d'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp hiren nächste Match an der WM-Qualifikatioun. Zu Trnava trëfft een op d'Slowakei.
D'Slowaken an d'Lëtzebuerger hunn um Freideg verluer. D'Lokalselektioun ka sech nach fir d'WM qualifizéieren a brauch all Punkt. D'Rout Léiwen dogéint sinn drop aus, hiren éischte Punkt an der Campagne ze kréien, dat géint eng Ekipp, déi bei den zwee leschte Rendez-vouse géint Lëtzebuerg mat Gléck gewonnen huet.
D'Defaite an der Partie am Oktober 2023 huet Lëtzebuerg zu engem ganz groussen Deel dru gehënnert, op d'EM ze kommen. Den Nationaltrainer Jeff Strasser wollt e Sonndeg op der Pressekonferenz awer net ze vill an de Réckspigel kucken.
"D'Motivatioun ass ëmmer do. Mir wëssen, dass mer géint deen dote Géigner am Allersmatch eis Chance haten, vill Chancen haten, vill Chancen erspillt hunn a mir wäerte probéieren, un déi Leeschtung unzeknäppen, an nach méi probéieren eis Golchancen natierlech ze konkretiséieren. An éier mer se kënne konkretiséieren, geet et drëm, se gutt erausspillen ze kënnen."
Den Dirk Carlson feelt e Méindeg den Owend gespaart. Den Danel Sinani dogéint ass zréck bei der Ekipp, wat ganz wichteg ass.
Nodeems e Freideg bei der 0:4-Néierlag géint Däitschland laang mat 10 géint 11 gespillt gouf, kann ee sech froe wéi de physeschen Zoustand vun de Roude Léiwen ass.
"Ech menge mir hunn iwwer de Match geschwat e Samschdeg a kucken elo no vir. Mir preparéieren de Match, also de Fokus geet dorop an och dat Wichtegst. An ech mengen de physeschen Zoustand, d'Intensitéit vum Match war souwisou héich, se war e bësse méi héich doduerch, dass mer mat engem manner gespillt hunn, mee dat kruten d'Jonge schonn ëmmer verkraaft mengen ech."
Bis elo goufe ronn 12.000 Tickete fir de Match verkaf. Et ginn eng 100 Lëtzebuerger Supporter erwaart. Zu Sinsheim waren déi Lëtzebuerger Fans e richtegen 12. Mann géint déi däitsch Selektioun.
Op RTL ZWEE, RTL Play an um Radio kënnt Dir d'Partie live suivéieren.