Holland huet Playoff-Plaz scho sécher, Färöer Inselen dreeme weider vu WM

© AFP
Oranje huet Finnland beim 4:0 keng Chance gelooss an och Schottland ass um gudde Wee, fir op d'Weltmeeschterschaft ze fueren.
Holland ka sou lues fir d'Weltmeeschterschaft 2026 an Nordamerika plangen. Nom klore 4:0 géint Finnland an der Amsterdamer Johan Cruijff Arena steet Oranje mat 16 Punkten op der éischter Plaz vun der Grupp G. Finnland muss elo op en Ausrutscher vu Polen hoffen, déi awer ee Match manner um Kont hunn.
An der Grupp C liwwere sech Schottland an Dänemark e Kapp-u-Kapp-Duell fir d'Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft. D'Schotten hu virum Agräife vun Dänemark d'Tabelleféierung iwwerholl.
Am Grupp L erhalen d'Färöer Inselen hir Hoffnung op hir éischt Participatioun bei enger WM oprecht. Am decisiven Duell géint Tschechien gouf et eng 2:1-Victoire fir d'Feringer, déi elo just nach ee Punkt hannert den Tscheche leien. Fir et um Enn awer nach op déi zweet Plaz an der Tabell ze packen, mussen d'Färöer Inselen an hirem leschte Match beim Tabelleleader Kroatien op d'mannst Gläichspillen an hoffen, datt d'Tschechen géint den Tabelleleschte Gibraltar verléieren. Eréischt da géingen d'Färöer Inselen am Playoff ëm de WM-Ticket spillen.
D'Victoire vun Zypern a San Marino wäert wuel keng weider Repercussiounen op d'Grupp H hunn.
Grupp C
Schottland - Wäissrussland 2:1
1:0 Adams (15'), 2:0 McTominay (84'), 2:1 Kuchko (90'+6)
Dänemark - Griicheland 3:1
1:0 Hojlund (21'), 2:0 Andersen (40'), 3:0 Damsgaard (41'), 3:1 Tzolis (63')
Grupp G
Holland - Finnland 4:0
1:0 Malen (8'), 2:0 van Dijk (17'), 3:0 (38', Eelefmeter), 4:0 Gakpo (84')
Litauen - Polen0:2
0:1 Szymanski (15'), 0:2 Lewandowski (64')
Grupp H
San Marino - Zypern 0:4
0:1 Loizou (9'), 0:2 Andreou (59'), 0:3 Kastanos (67', Eelefmeter), 0:4 Kakoulis (79')
Rumänien - Éisträich 1:0
1:0 Ghita (90+5')
Grupp L
Färöer - Tschechien 2:1
1:0 Sörensen (67'), 1:1 Karabec (78'), 2:1 Agnarsson (81')
Kroatien - Gibraltar 3:0
1:0 Fruk (30'), 2:0 Sucic (78'), 3:0 Erlic (90+6')