Zweet Defaite fir d'Bills, Bucs wanne géint 49ers

© Foto von KEVIN C. COX / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / GETTY IMAGES VIA AFP
De Weekend gouf an der US-amerikanescher National Football League (NFL) déi 6. Woch vun der Regular Season gespillt.
D'Tempa Bay Buccaneers hu sech hei mat enger 30:19-Victoire géint d'49ers vu San Francisco duerchgesat. Duerch ee fréien Touchdown waren d'Buccs gutt an de Match gestart a konnte mat 13 weidere Punkten am zweete Quarter déi gutt Leeschtung confirméieren. Ma och d'49ers hunn de Match no engem schwaache Start mat just 3 Punkten am zweete Véierel mat 13 Punkten nees spannend gemaach. Fir déi zweet Hallschent vum Match war vun der Ekipp aus San Francisco dann awer quasi näischt méi nokomm. Nëmmen ee weidere Field Goal bannent zwee Quarters war net genuch, fir sech hei nach eppes ze huelen. Fir Tempa Bay ass ee weideren Touchdown a Field Goal duergaangen, fir d'Victoire virun den eegene Spectateuren ze feieren.
Kee gudden Dag erwëscht hunn an der Nuecht op en Dënschdeg d'Buffalo Bills, déi mat 14:24 géint d'Atlanta Falcons de Kierzere gezunn hunn an domadder déi zweet Defaite vun der Saison hu missen astiechen. E punkträichen éischte Véierel mat zwee Touchdowne fir d'Falcons an engem fir d'Bills, hu vill fir e spannende Rescht vum Match versprieche gelooss. Ma am zweete Véierel konnt just d'Ekipp vun Atlanta eng weider Kéier siwefach Punkten a sech ee gewëssene Virsprong opbauen. Vun de Bills ass am grousse Ganzen an der Offense ze mann geschitt. Just een eenzege weideren Touchdown ass hinnen an de leschten dräi Quartere vum Match gelongen, sou datt d'Defaite um Enn net konnt verhënnert ginn.
Spannung bis zum Schluss gouf et dogéint bei bei der 29:27-Victoire vun de Los Angeles Chargers géint d'Miami Dolphins. Am éischte Véierel war nëmmen den Dolphins een Touchdown gelongen, ma duerch zwee Field Goals vun den Chargers war de Score relativ ausgeglach. Field Goals sollt et dann och am zweete Quarter ginn, jeeweils ee fir LA an zwee fir Miami, sou datt d'Dolphins sech liicht konnten ofsetzen. Am drëtte Véierel huet sech d'Partie dann awer komplett ze Gonschte vun den Chargers gedréint. Zwee Touchdowne vum McConkey a Vidal hu fir eng kleng Virentscheedung gesuergt, well den Dolphins kee Punkt gelonge war. Am leschte Véierel huet sech d'Blat dann awer nach eemol komplett gedréint. Miami war elo déi Ekipp, déi zwee Touchdowne markéiere konnt. Zwee Field Goals vun den Chargers sollten um Enn hei awer den Ënnerscheed maachen an den Dolphins eng batter 5. Defaite vun der Season bäifügen.
Resultater - Week 6
Eagles - Giants 17:34
Broncos - Jets 13:11
Rams - Ravens 17:3
Cowboys - Panthers 27:30
Cardinals - Colts 27:31
Seahawks - Jaguars 20:12
Chargers - Dolphins 29:27
Browns - Steelers 9:23
Patriots - Saints 25:19
Titans - Raiders 10:20
49ers - Buccaneers 19:30
Bengals - Packers 18:27
Lions - Chiefs 17:30
Bills - Falcons 14:24
Bears - Commanders 25:24