Et sollt den Highlight vun der Saison sinn, mee beim Grousse Präis vu Las Vegas gouf et nawell Startproblemer.

Den éischte Fräien Training e Freideg de Moie fréi huet missten no nëmmen aacht Minutten ofgebrach ginn, well e Kanaldeckel sech aus der Verankerung geléist huet. Dat direkt virum bekannten Bellagio-Hotel.

De Ferrari vum Carlos Sainz krut ee Kanaldeckel ze paken, deen dunn aus der Bëtonsverankerung gerappt gouf. D'Gefier gouf méi schro um Ënnerbuedem beschiedegt an de Sainz huet d'Gefier missen ausrulle loossen. Ma och Alpine huet Problemer gemellt um Chassis vum Esteban Ocan sengem Won.

De Ferrari-Teamchef Fred Vasseur huet de Virfall als "inacceptabel fir d'Formel 1" bezeechent. Säi Chauffer, de Carlos Sainz, hätt en haarden éischten Training gehat, den Zweete géing hien elo verpassen. De Spuenier ass mat Tempo 320 iwwert de Kanaldeckel gefuer. De Moteur, d'Batterie an d'Monocoque wieren deelweis schro beschiedegt. Dës Biller goufen net gewisen.

D'FIA huet matgedeelt, de Problem mat de Kanaldeckelen esou séi wéi méiglech ze behiewen an déi néideg Moossnamen z'ergräifen. Si hunn erkläert, dass de Kader aus Bëtong  ronderëm d'Kanaldeckele versot hätt a se alleguer misste kontrolléiert ginn. 140 Stéck. Den Zäitplang fir de Verlaf vun der Course um Weekend misst deemno ugepasst ginn.

De Grand Prix, deen e Sonndeg de Moie soll gefuer ginn, gëllt als Highlight vun der Formel-1-Rennserie.

Den zweete Fräien Training huet misste verréckelt ginn a konnt net wéi geplangt um 9 Auer eiser Zäit ugoen. De leschten Informatioune vun der Formel 1 no soll de Circuit um 11 Auer eiser Zäit nees fir d'Piloten opgoen. Ugesat ass en 90-Minutten-Training.

Egal wéi, ass um 4 Auer Lokalzäit (13 Auer bei eis) Feierowend, well de Strip dann erëm fir de lokalen Trafic opgemaach muss ginn.