Schëtter feiert den Auto op der 2. Editioun vun de Classic Days
Ronn 300 Autoen waren e Samschdeg um Site, e Sonndeg waren et der nach emol 100 méi.
Mat hinne war d'Passioun fir den Auto, den Autosport an d'Oltimer mat um Rendez-vous. An och d'Kart fueren, dat Aktuellt an dat, wat de Spezialiste no nach net wierklech iwwerzeegt, Kart fueren "op Elektresch". De Gil Linster, international bekannte Pilot, ee vun deenen, déi quasi hir Passioun zum Beruff gemaach hunn, huet béides fir eis getest. Hie klëmmt dann awer léiwer an eng Maschinn, an där de Motor mat engem schwätzt. Hien huet natierlech och iwwer seng aktuell Karriär geschwat. Amerika wier richteg gutt gaangen, 7. zu Daytono, domadder gouf a Florida e Stéck Motorsportgeschicht fir Lëtzebuerg geschriwwen.
Den Thierry Schloesser fiert selwer, gären a gutt. Hien organiséiert d'Classic Cars zu Schëtter a steet fir d'Passioun Auto. Et wéilt een déi Kleng mat u Bord huelen, mat esou enger Manifestatioun wéi där hei. An dat heescht top Autoe weisen an, wéi mer erkläert kritt hunn, fir "talentéiert a schéi Piloten", därer, fir déi d'Fueren e Virus wier.