Dëse Weekend steet déi legendär 24-Stonne-Course um Nürburgring um Programm. De Start ass e Samschdeg um 16 Auer.

Mat um Depart sinn och 3 Lëtzebuerger Piloten, dat op 3 verschiddenen Autoen, déi awer all vun enger Mark kommen, nämlech vu Porsche. Zwee vun de Pilote kämpfen an engem Cup-Porsche net nëmmen ëm e gutt Resultat am Generalklassement, ma virun allem ëm d'Victoire an der CUP2-Klass.

Et sinn dat de Steve Jans an den Dylan Pereira. De Steve Jans fiert fir "Black Falcon Team 48 Losch", den Dylan Pereira fir "Scherer Sport PHX". Am Qualifying louche béid Autoe ganz no beieneen, mat enger liicht besserer Ausgangspositioun fir de gréng-schwaarze Porsche vum Steve Jans. Den Auto mat der Startnummer 148 ass am Qualifying déi séierst Zäit an der CUP2-Klass gefuer. Leider ass kuerz viru Schluss vum Qualifying um Freideg de Mëtteg de Morris Schuring vun der Streck ofkomm, an huet de Porsche 911 e puer mol widder d'Leitplanke geheit. Dem Pilot ass dobäi näischt geschitt, ma den Auto hat nawell e bësse gelidden. Deemno huet et fir d'Mecaniciene geheescht Gas ginn an den Auto nees fit kréien.

Déi zweetséierst Zäit an der CUP2-Klass geet un de Porsche mat der Startnummer 116, op deem ënnert anerem den Dylan Pereira fiert. Hien deelt sech de Cockpit mam Larry Ten Voorde, dem Thomas Kiefer an dem Christer Jöns.

Den drëtten Auto, dee mat engem Lëtzebuerger Pilot un den Depart geet, ass d'Startnummer 416, e Porsche 911 Carrera. Heirobber fiert de Yann Munhowen. Hien deelt sech den Auto mam Sebastian Rings, dem Andreas Schaflitzl an dem John Lee Schambony. Si gi vu Positioun 88 an d'Course a kämpfen an der V6-Klass ëm d'Victoire. No 3 Qualifying-Sessions lounge si op Plaz 2 an där Klass.

Kampf ëm Pole-Position

Um Freideg den Owend gouf am "Top Qualifying" ëm déi viischt Positiounen an der Startopstellung gekämpft. Zwou Ronne laang konnten déi séierst Piloten op der iwwer 25 Kilometer laanger Streck alles aus hire Gefierer eraushuelen, dat bei beschte Wiederkonditiounen.

Am séierste war de Max Hesse um BMW M4 GTS vum BMW M Team RMG. Hien ass déi 25,379km an 8min10,993 gefuer.

Plaz Zwee geet un de Porsche 911 GT3 R, genannt "Grello", gefuer vum Laurens Vanthoor.

Aus der zweeter Rei start den Audi R8 LMS GT3 evo II vum Team Scherer Sport PHX, mat Stippler, Mies, Feller a Marschall.

Startopstellung vun de Lëtzebuerger

Plaz 28 fir de Porsche 991 GT3 Cup (N°148) vun der Ekipp "Black Falcon Team 48 Losch" mam Steve Jans, Tobias Müller, Noah Nagelsdiek a Morris Schuring.

Plaz 29 fir de Porsche 991 GT3 Cup (N°116) vun der Ekipp "Scherer Sport PHX" mam Dylan Pereira, Larry Ten Voorde, Thomas Kiefer a Christer Jöns.

Plaz 88 fir de Porsche 911 Carrera (N°416) mam Yann Munhowen, Sebastian Rings, Andreas Schaflitzl a John Lee Schambony.

Den Depart vun der 24-Stonne-Course ass e Samschdeg um 16 Auer. E Sonndeg ëm déi selwecht Zäit wësse mer dann, wie gewonnen huet, a wéi d'Lëtzebuerger Piloten ofgeschnidden hunn. 

Keng Chance fir de Yann Munhowen bei der 24h-Classic-Course

Nieft der 24-Stonne-Course ginn et och e sëllege Courssen am sougenannte "Rahmenprogramm", wéi zum Beispill d'24h-Classic. Hei waren zwee Qualifyingen an um Samschdeg de Moie gouf eng 3-Stonne-Course gefuer. Mat um Depart war hei dann och de Lëtzebuerger Yann Munhowen, dëst op engem BMW 323i E21 Groupe 2. Vu Plaz 82 war et an d'Course gaangen, dat bei 201 Starter. De Lëtzebuerger Pilot konnt trotz e puer technesche Problemer bis op Plaz 32 no vir fueren, dat bei ganz schwierege Wiederkonditiounen.

De Motor hat zäitweis Aussetzer, well e kee Sprit méi krit. Doduerch huet een zwee Mol mussen an d'Box fueren, fir de Problem ze behiewen. Nees eraus op der Streck ass dunn de Gas-Zoch erausgesprongen an de BMW huet mussen ofgeschleeft ginn. De Yann Munhowen konnt de Feeler awer nieft der Streck nees behiewen, gouf dunn awer net nees op d'Streck gelooss, wouduerch d'Course fréizäiteg eriwwer war.

RTL

© Yann Munhowen

Fotogalerie