Dëse Weekend gouf op Sardinien de 6. Laf vun der Rallye-WM gefuer. Gewonnen hunn Tänak/Järveoja op Hyundai i20 Rally1.

Um Enn hat den Duo aus Estland just 0,2 Sekonne Virsprong op Ogier/Landais um Toyota GR Yaris Rally1, dat nodeems se virun der leschter Special 6,2 Sekonne Réckstand haten. Den Ogier hat op der leschter Special nach e Platten op de leschten zwee Kilometer kritt an huet doduerch d'Victoire ganz knapp nach verpasst, zur Freed vun Tänak a Järveoja op Hyundai. De Podium gëtt komplettéiert vu Sordo/Carrera och op Hyundai i20.

De Grégoire Munster, dee souwuel déi lëtzebuergesch, wéi och déi belsch Nationalitéit huet, gëtt gudde Fënneften um Ford Puma Rally1, dëst zesumme mat sengem belsche Copilot Louis Louka. Si konnten de ganze Weekend iwwer de Speed un der Spëtzt net matgoen, hu sech awer aus all Drama erausgehalen, a profitéieren dovunner, dass aner, méi séier Piloten, Feeler gemaach hunn, an doduercher zeréckgefall sinn. Deemno huet sech hir Konstanz ausbezuelt a si huele wichteg 8 Punkten an der Rallye-WM mat heem. Et ass dann och dem Grégoire Munster säi beschte Resultat bei engem WM-Laf.

An der Rallye-WM bleift den Thierry Neuville op Plaz 1 mat 122 Punkten. Den Ott Tänak klëmmt elo op Plaz 2 mat 104 Punkten, punktgläich mam Elfyn Evans. De Grégoire Munster ass elo op Plaz 10 mat 16 Punkten.