De Lëtzebuerger huet sech an der Course vun der 5. Plaz no vir geschafft.

E Sonnde beim sechste Laf vun der Nascar Whelen Euro Series ass de Gil Linster vun der 5. Plaz an d’Course gaangen, dëst well hien um Samschden an der Course déi fënneftséiersten Zäit gefuer ass. „Nach wie vor gëllt et déi éischt Kéier gutt ze meeschteren“, sot de Lëtzebuerger virum Start, „en plus ass dëse Circuit net dee Beschte fir ze iwwerhuelen“.

De Start vun der Sonndes-Course ass gutt verlaf, de Lëtzebuerger huet sech aus allem erausgehalen. An der zweeter Ronn huet den Doubek (#7) probéiert de Krasonis (#46) bannen ze iwwerhuelen, deen huet awer zou gemaach an ass vum Championship-Leader ëmgedréint ginn. De Capelli (#1) huet seng Chance gesi, fir laanscht den Doubek ze goe, mee béid Autoe sinn an de Summerwee gefuer, woubäi den Doubek an d’Sëcherheetspneue gerannt ass.

Dat heescht de Leader war out an de Gil Linster, deen sech clever aus dem Sträit erausgehalen huet, war op der Zweeter Plaz hannert dem Davidson (#21).

Beim Restart an der 10. Ronn huet de Lëtzebuerger mam De Groot (#69) musse kämpfe mee hie konnt déi zweet Plaz behaapten. An der 20. Ronn gouf et eng weider Safety-Car-Phas well et hannen am Feld gerabbelt hat. D’Renndirectioun huet decidéiert, datt et fënnef weider Ronne géife ginn.

Beim Restart an der 26. Ronn huet de Lëtzebuerger nees attackéiert mee den Davidson huet seng Féierung behaapt. Am weidere Verlaf konnt de Lëtzebuerger sech vum De Groot (#69) ofsetzen. No 36 Ronne gewënnt den Jack Davidson, als éischte brittesche Pilot eng Course an der Euro Nascar, virum Gil Linster (#50) an op der drëtter Plaz ass de Patrick Schober (#3) gelant. „Ech sinn happy dat ech gutt Punkte gemaach hu, mee den Auto hat net déi néideg Leeschtung haut, ech konnt den Tempo vum Davidson net mathalen.“, sot de Lëtzebuerger no der Course.