Marc Marquez gewënnt Grousse Präis vu Spuenien

© AFP
De Marc Marquez feiert seng éischt Victoire zënter 3 Joer. De Francesco Bagnaia muss am Kampf ëm d'Meeschterschaft e Réckschlag hinhuelen.
No 1.043 Deeg huet de Marc Marquez nees eng Course an der MotoGP gewonnen. E Samschdeg hat hie sech schonn um Circuit am spueneschen Aragon d'Victoire am Sprint geséchert a war och e Sonndeg net ze klappen. D'Plazen 2 an 3 goungen un de Jorge Martin an de Pedro Acosta. De Francesco Bagnaia, deen am General Zweeten ass, an den Alex Marquez hu sech 6 Ronne viru Schluss beréiert a waren aus der Course. Och fir de Fabio Quartararo war d'Course no 6 Ronnen eriwwer.
Am Generalklassement baut de Jorge Martin säi Virsprong op de Bagnaia op elo 23 Punkten aus, de Marc Marquez ass neien Drëtte virum Enea Bastianini. Bei nach 8 ausstoende Coursse hunn dës véier Kandidaten nach d'Méiglechkeet op d'Meeschterkroun.
An der Moto2 gouf et eng knapp Victoire fir den Jake Dixon virum Tony Arbolino an dem Deniz Öncü. De Leader am General Sergio Garcia huet säi Moto 8 Ronne viru Schluss ofgestallt. Och den Ai Ogura, Zweeten am General, war net op de viischte Plazen ze fannen. Hie gouf 8. an huet 8 Punkten op de Garcia guttgemaach. Am meeschte vum Garcia sengem Ausfall huet den Alonso Lopez profitéiert. Dëse gouf 4. an huet als Drëtten am General nach 29 Punkte Réckstand op de Garcia.
De Jose Antonio Rueda gewënnt seng éischt Course an dëser Moto3-Saison. De Spuenier war 2 Sekonne méi séier wéi den Hollänner Collin Veijer. Drëtte gouf de Luca Lunetta. Den David Alonso, Leader am General, gouf zwar just Véierten, huet am General awer nach eng komfortabel Avance op de Veijer (75 Punkten). Fir den Daniel Holgado an den Ivan Ortola, déi mam Veijer ëm d'Vizemeeschterschaft kämpfen, war et kee gudden Dag. Den Holgado gouf 9. an den Ortola just 12. De Veijer konnt no engem gudde Resultat laanscht déi zwee Spuenier zéien.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 M. Marquez 41'47.082
2 J. Martin +4.789
3 P. Acosta +14.904
4 B. Binder +16.459
5 E. Bastianini +18.776
Moto2
1 J. Dixon 35'54.402
2 T. Arbolino +1.779
3 D. Öncü +5.479
4 A. Lopez +9.190
5 M. Gonzalez +11.098
Moto3
1 J. Antonio Rueda 34'51.635
2 C. Veijer +1.9853
3 L. Lunetta +3.556
4 D. Alonso +4.942
5 J. Kelso 8.503
De General
MotoGP
1 Jorge Martin 299
2 Francesco Bagnaia 276
3 Marc Marquez 229
4 Enea Bastianini 228
5 Pedro Acosta 148
Moto2
1 Sergio Garcia 162
2 Ai Ogura 150
3 Alonso Lopez 133
4 Joe Robert 130
5 Jake Dixon 119
Moto3
1 David Alonso 237
2 Collin Veijer 162
3 Ivan Ortola 157
4 Daniel Holgado 156
5 David Munoz 117