Weider Victoire fir de Marc Marquez, Jorge Martin nëmmen op Plaz 15

© AFP
De Francesco Bagnaia huet als Zweete vill Punkten op de WM-Leader Jorge Martin (15.) guttgemaach.
De MotoGP-Weltmeeschter Francesco Bagnaia (Ducati) huet am Reepoker vu Misano vill Buedem op de WM-Leader Jorge Martin (Ducati) guttgemaach. Bei der zweeter Victoire noenee fir de Marc Marquez (Ducati) ass den Italieener beim Grousse Präis vu San Marino op déi zweet Plaz gefuer, wärend de Martin als 15. nëmmen ee Punkt kritt huet.
De Martin, deen de Sprint e Samschdeg gewonnen hat, huet am Ufank vun der Course seng Maschinn gewiesselt, well et ugefaangen hat mat Reenen. De Bagnaia dogéint ass op senger Maschinn bliwwen, wat um Enn déi richteg Decisioun sollt sinn, och wann hien de Marquez net hale konnt.
De Spuenier Marquez, deen eréischt de leschte Weekend zu Aragon säin éischte Grand-Prix-Succès zanter 1.043 Deeg gefeiert hat, huet deemno direkt nogeluecht a kéint a senger aktueller Form och nach emol e Wuert ëm den Titel matschwätzen.
Bei nach siwe Course-Weekender läit de Marquez op der drëtter Plaz am WM-Klassement mat 259 Punkten. De Leader Martin huet 312 Punkten an nëmme méi eng Avance vu siwe Punkten op de Bagnaia.
An der Moto2 huet sech den Ai Ogura d'Victoire beim San Marino GP geséchert an ass den neie Leader an der Moto2-Weltmeeschterschaft. De Sergio Garcia ass net iwwer déi 12. Plaz erauskomm an huet seng Féierung am General missen ofginn.
Den Angel Piquera huet sech duerch eng staark Leeschtung an der Moto3 d'Victoire geséchert. No engem duebele Long Lap war de Pilot vu Leopard Racing op déi 17. Plaz zeréckgefall. Hien huet sech duerno nees duerch d'Feld gekämpft an ass um Enn als Éischten iwwer d'Zillinn gefuer. Mat engem Réckstand vun nëmmen 0,035 Sekonnen ass den Daniel Holgado den Zweete ginn. Den Ivan Ortola huet sech déi lescht Plaz um Podium geséchert. De Leader an der Moto3-Meeschterschaft David Alonso ass nëmmen de 7. ginn.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 M. Marquez Ducati 41:52.083
2 F. Bagnaia Ducati 3.102
3 E. Bastianini Ducati 5.428
4 B. Binder KTM 14.185
5 M. Bezzecchi Ducati 16.725
Moto2
1 A. Ogura MT Helmets - MSI 35'26.583
2 A. Canet Fantic Racing +0.609
3 T. Arbolino Elf Marc VDS Racing Team +4.639
4 M. Gonzalez QJMOTOR Gresini Moto2 +6.948
5 J. Dixon CFMOTO Inde Aspar Team +10.863
Moto3
1 Á. Piqueras Leopard Racing 34'02.766
2 D. Holgado Red Bull GASGAS Tech3 +0.035
3 I. Ortola MT Helmets - MSI +0.226
4 T. Furusato Honda Team Asia +0.259
5 C. Veijer Liqui Moly Husqvarna Intact GP +0.491
De General
MotoGP
1. Jorge Martin 312
2. Francesco Bagnaia 305
3. Marc Marquez 259
Moto2
1. Ai Ogura 175
2. Sergio Garcia 166
3. Joe Roberts 133
Moto3
1. David Alonso 246
2. Daniel Holgado 176
3. Ivan Ortola 173