Den Thierry Neuville gewënnt a Griicheland virum Dani Sordo an Ott Tänak. De Sébastien Ogier huet seng 2. Plaz op der leschter Speciale ewechgeheit.

Et war e virsiichtege Start vum Grégoire Munster a Louis Louka an dëse Schotterrallye, deen extreem un d'Mechanik an un d'Pneue geet. No 3 Specialle louche si op Plaz 7 am General.

Um 2. Passage op de selwechte Strecken hu se dunn awer Gas ginn a konnte mat Top-Zäiten iwwerzeegen.

No der 5. Speciale konnt de Lëtzebuerger-belschen Duo sech bis op Plaz 5 am General no vir kämpfen, dat mat enger ganz staarker 3. Zäit op der 21,67 Kilometer laanger Speciale. Méi séier ware just den Ott Tänak an den Dani Sordo. Op der nächste Speciale hu se sech dunn awer e Platten agefaangen an hunn nees wichteg Zäit verluer.

Op der 9. Speciale war et dunn den Out. An enger Rietskéier si se no bausse gedroe ginn a vun der Streck ofkomm. Den Auto stoung just e knappe Meter nieft der Streck, ma si konnten awer net weiderfueren. D'Sécherheetszell vum Ford Puma gouf beim Accident dann och beschiedegt, wouduerch de Rallye virzäiteg fir de Grégoire Munster eriwwer war, an hien e Sonndeg just nach als Spectateur konnt dobäi sinn.

Am Kampf ëm d'Victoire hat et Ufanks sou ausgesinn, wéi wann de Fransous Sébastien Ogier um Toyota GR Yaris dee wier, deen et ze schloe gëllt. Op der 6. Speciale gouf et dunn awer e grousse Réckschlag fir hien a säi Co Vincent Landais. Den Turbo vum Yaris hat de Geescht opginn, a si hate keng Leeschtung méi. Si verléieren iwwer 2min20 op den Thierry Neuville a Martijn Wydaeghe um Hyundai i20 N Rally1 a falen zeréck op Plaz 4 am General.

Samschdes huet den Ogier de Réckstand op den Neuville vun 1 Minutt a 40 Sekonnen op 1 Minutt an 20 Sekonne verkierzen. Virun der leschter Speciale um Sonndeg waren et nach 1 Minutt an 2 Sekonnen. Op der sougenannter Powerstage huet de Fransous dunn an enger Rietskéier e Steen bannen ze pake kritt, den Auto gouf ausgehiewelt a si hu sech iwwerschloen.

De Rallye war domadder eigentlech gelaf... ma si hunn den Auto op der Speciale nach sou wäit reparéiert, dass se konnte bis an d'Zil fueren, fir dass se net komplett ausfalen. Soss hätte se nämlech d'Punkten, déi um Samschdeg scho verdeelt goufen, net kritt. Et sinn der ëmmerhin 13 gewiescht.

D'Schlussvictoire geet un den Thierry Neuville an de Martijn Wydaeghe um Hyundai i20, dat virun den Teamkolleegen Dani Sordo a Candido Carrera op Plaz 2. Den Hyundai-Podium gëtt komplettéiert vum Ott Tänak a Martin Järveoja.

RTL

© Nikos Katikis / Nikos Katikis / DPPI via AFP

Eng ganz staark 4. Plaz geet un de Sami Pajari an d'Enni Mälkönen um Toyota GR Yaris Rally2.

Am WM-Klassement baut den Thierry Neuville seng Féierung aus a kënnt elo op 192 Punkten. Plaz 2 ass elo fir den Ott Tänak mat 158 Punkten, virum Sébastien Ogier mat 154. Punkten. De Belsch kënnt sengem éischte Weltmeeschtertitel mat dësem Resultat e gutt Stéck méi no.