Dylan Pereira gewënnt déi zweet Course zu Singapur

Archivbild
Virum Formel-1 Grand Prix vu Singapur ass déi zweete Course vum Weekend vum Porsche Carrera Cup Asia gefuer ginn.
Den Dylan Pereira ass fir déi 13. Manche vun der zweeter Plaz an Course gaangen. De Lëtzebuerger hat e gudde Start erwëscht an konnt de Mathys Jaubert iwwerhuelen. An der éischter Ronn koum et awer zu direkt e puer enken Dueller mam Fransous. Dn Pereira konnt seng éischten Platz awer verdeedegen an huet et gepackt, no 12 Ronnen seng zweet Victoire dësen Weekend ze feieren.
Zweete gouf den Alessandro Ghiretti an als Drëtten ass den Mathys Jaubert iwwert de wäisse Stréch gefuer, dee wärend der Course eng weider Platz verluer huet.
Am Klassement läit den Dylan Pereira och no de Victoire vun dësem Weekend op der drëtter Plaz, huet awer Punkten op den Mathys Jaubert guttgemaach, fir vläicht nach déi zweet Plaz ze feieren. Fir de Leader vum Championnat, den Alessandro Ghiretti, nach erëmzekréien, dierft allerdéngs schwiereg ginn.
Déi lescht 3 Course vum Porsche Carrera Cup Asia ginn Enn Oktober a China um Shanghai International Circuit gefuer.