Bastianini gewënnt Sprint an Thailand

© AFP
De Jorge Martin mécht am Kampf ëm d'WM-Kroun zwee Punkten op de Francesco Bagnaia gutt. Insgesamt stoungen 8 Ducatien op den éischten aacht Plazen.
Den Enea Bastianini op Ducati huet de Sprint vum Grousse Präis vun Thailand gewonnen. Plaz 2 goung un de Jorge Martin, dee seng Féierung am WM-Klassement ausbaue konnt. Säi gréisste Konkurrent, de Francesco Bagnaia, koum hannert him op déi drëtt Plaz a verléiert 2 Punkten op de Martin. De Spuenier läit elo mat 433 Punkten der 22 virum Bagnaia (411).
Mam Marc Marquez, Alex Marquez, Franco Morbidelli, Marco Bezzecchi a Fabio Di Giannantonio koumen aacht Ducati-Motorrieder an d'Top8.
De Bastianini, Bagnaia a Martin goungen zesummen an déi éischt Kéier, wou de Bagnaia an de Martin vun der Streck ofkoumen an de Bastianini d'Féierung iwwerhuele konnt. De Martin war no dësem Manöver just nach 5. Den Italieener Bastianini huet seng Positioun bis zum Schluss net méi ofginn, mee hannendrun hu sech de Bagnaia an de Martin bekämpft. De Spuenier konnt an der Mëtt vum Sprint laanscht den Italieener zéien.
De General
MotoGP
1 Jorge Martin 433
2 Francesco Bagnaia 411
3 Marc Marquez 351
4 Enea Bastianini 343
5 Brad Binder 193