Jorge Martin eng éischt Kéier Weltmeeschter

© AFP
De Francesco Bagnaia huet d'Course zu Barcelona wuel gewonnen, mee dat goung net duer, fir de Martin am General nach ze iwwerhuelen. De Martin gouf 3.
Eigentlech hätt d'Saisonfinall zu Valencia iwwer d'Ronne goe sollen, mee opgrond vum staarke Ree virun e puer Woche gouf d'Course a Katalounien verluecht.
An der leschter Course huet sech de Jorge Martin d'Meeschterkroun net méi ewechhuele gelooss an dierf sech eng éischt Kéier MotoGP-Weltmeeschter nennen. Eng drëtt Plaz goung dem Spuenier dofir duer. De Francesco Bagnaia huet wuel eng Start-Zil-Victoire agefuer, mee de Réckstand vun 19 Punkten am Generalklassement war einfach ze grouss. De Marc Marquez huet sech tëscht béid Pilote gedréckt a stoung mat um Podium.
De Bagnaia goung vun der Pole Position op déi 24 Ronnen um Circuit de Catalunya, de Jorge Martin just vu Positioun 4. De Bagnaia konnt de Start gewannen, de Martin huet sech hannert him op Positioun 2 agereit, de Marc Marquez war no den éischte Kéieren Drëtten. De Marquez huet de Martin an der 2. Ronn iwwerholl an duerno net méi laanscht gelooss.
Am Rescht vun der Course blouwen déi viischt Positioune konstant. Soumat ass de Bagnaia als Éischten iwwer d'Arrivée gefuer, virum Marc Marquez, mee hannendrun konnt sech de Jorge Martin mat Plaz 3 iwwer de Weltmeeschtertitel freeën. Och an der Garage vum Spuenier war d'Freed immens grouss. Et ass déi éischt Kéier an der moderner MotoGP-Geschicht, dass de Fuerer vun enger Satellittenekipp Weltmeeschter gëtt.
De Marc Marquez gouf Véierten, virum Aleix Espargaro. De Brad Binder gouf Sechsten. Den Enea Bastianini verpasst duerch seng 7. Plaz déi drëtt Plaz am Generalklassement a muss dem Marc Marquez de Virtrëtt loossen.
An der Moto2 huet sech den Aron Canet ganz knapp géint de Manuel Gonzalez duerchgesat (+ 0,091). De Gonzalez koum virum Diogo Moreira an d'Zil. De Weltmeeschter Ai Ogura gouf Véierten.
An der Moto3 huet de Weltmeescher David Alonso och déi lescht Course gewonnen, dat viru sengem gréisste Konkurrent Daniel Holgado. Den Angel Piqueras vu Leopard Racing huet sech als Drëtte 16 Punkte gekroopt.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 Francesco Bagnaia
2 Marc Marquez
3 Jorge Martin
4 Alex Marquez
5 Aleix Espargaro
Moto2
1 Aron Canet
2 Manuel Gonzalez
3 Diogo Moreira
4 Ai Ogura
5 Filip Salac
Moto3
1 David Alonso
2 Daniel Holgado
3 Angel Piqueras
4 Jose Antonio Rueda
5 Ryusei Yamanaka
De General
MotoGP
1 Jorge Martin
2 Francesco Bagnaia
3 Marc Marquez
4 Enea Bastianini
5 Brad Binder
Moto2
1 Ai Ogura 274
2 Aron Canet 234
3 Manuel Gonzalez 195
4 Sergio Garcia 191
5 Fermin Aldeguer 181
Moto3
1 David Alonso 421
2 Daniel Holgado 256
3 Collin Veijer 242
4 Ivan Ortola 224
5 David Munoz 172