De Lëtzebuerger Mike Krack ass net méi Teamchef vun Aston Martin. Hien iwwerhëlt elo de Poste vum "Chief Trackside Officer".

Fir Aston Martin war 2024 keng einfach Saison. Amplaz wéi d’Joer virdrun ëm Podiumsplaze matzefueren, waren Alonso a Stroll dacks nëmmen nach am Mëttelfeld ënnerwee. Dofir huet Aston Martin elo d’Direktioun vu senger F1-Écurie ëmstrukturéiert. De Mike Krack verléiert dobäi säi Posten als Teamchef. De Lëtzebuerger hat déi Funktioun virun dräi Joer iwwerholl.

Neien Teamchef gëtt den Andy Cowell, fréiere Mercedes-Ingenieur, deen am Hierscht CEO vum Aston-Martin-F1-Team gouf. Den Andy Cowell wäert an Zukunft béid Funktioune vu CEO an "Team Principal" iwwerhuelen.
 
De Mike Krack bleift awer Deel vun der Aston-Martin-F1-Direktioun. Hien ass neien "Chief Trackside Officer" an huet domadder déi eigentlech Rennaktivitéiten um Circuit komplett ze veräntwerten. Am Géigenzuch ass hien net méi fir déi technesch Entwécklung vum Auto responsabel. Dorëmmer këmmert sech elo den neien "Chief Technology Officer" Enrico Cardile, de fréieren Aerodynamikchef vu Ferrari.

Fir Aston Martin ass dës nei Struktur méi kloer an iwwersiichtlech. Den RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl ass iwwerzeegt, dass de Mike Krack sech an Zukunft op seng eigentlech Kompetenzen als "Renndirekter" konzentréiere kann an dës nei Roll effektiv besser bei de Lëtzebuerger passt.