Schlussvictoirë fir Al-Rajhi/Gottschalk op Toyota Hilux a Sanders op KTM

© AFP
E Freideg ass déi berüümt Rallye Dakar no 12 Etappen an 4906 Wäertungsprüfungskilometer op en Enn komm.
Bei den Autoe kann Toyota eng Duebel-Victoire feieren, wann och d'Wierksteam just op Plaz 2 kënnt. Gewonne gouf d'Editioun 2025 vum Equipage Yazeed Al-Rajhi an Timo Gottschalk op Toyota Hilux aus dem Overdrive-Team. Si haten um Enn bal 4 Minutte Virsprong op den Henk Lategan a Brett Cummings um Wierks-HIlux. Am Kampf ëm Plaz 3 kënne sech um Enn de Mattias Ekström a säi Copilot Emil Bergkvist um Ford Raptor aus dem Haus M-Sport behaapten a loossen Al-Attiyah a Boulanger um Dacia Sandrider hannert sech.
Fir de Al-Rajhi ass et déi éischt Gesamtvictoire an et ass och déi éischte Kéier, dass e Pilot aus Saudi-Arabien dës prestigiéis Course gewënnt. Säi Copolot Timo Gottschalk hat 2011 schonn emol gewonnen, deemools mam Nasser Al-Attiyah op VW.
Generalklassement
01. Al-Rajhi/Gottschalk (Overdrive Toyota Hilux) - 52:52:15 Stunden
02. Lategan/Cummings (Toyota Hilux) +3:57 Minuten
03. Ekström/Bergkvist (M-Sport Ford Raptor) +20:21
04. Al-Attiyah/Boulanger (Dacia Sandrider) +23:58
05. Guthrie/Walch (M-Sport Ford Raptor) +1:02:10 Stunden
06. Serradori/Minaudier (Century) +1:12:04
07. Yacopini/Oliveiras (Overdrive Toyota Hilux) +1:57:47
08. Ferreira/Palmeiro (X-raid Mini) +2:15:57
09. Quintero/Zenz (Toyota Hilux) +2:20:04
10. Baragwanath/Cremer (Century) +2:59:26
Motorrieder
Bei de Motorrieder dominéiert eng weider Kéier KTM, dat mam Australier Daniel Sanders. Et ass och fir hien déi éischt Gesamtvictoire bei der Dakar. En huet vun Ufank u gewisen, dass hien hei ëm d'Victoire fiert a konnt dat déi ganz Course iwwer och duerchzéien. En huet am ganze 5 Dagesvictoirë konnte feieren, dorënner och de Prolog. Zanter dem Prolog loung de Sanders och stänneg un der Spëtzt an huet dës net méi ofginn.

© AFP
Fir KTM ass et déi 20. Gesamtvictoire bei der Rallye Dakar.
Hannert dem Sanders kommen zwee Honda-Piloten, dat a Persoun vum Tosha Schareina an dem Adrien van Beveren. De Schareina hat um Enn 8min50 Réckstand op de Sanders, de van Beveren 14min46.
Generalklassement
01. Daniel Sanders (KTM) - 53:08:52 Stunden
02. Tosha Schareina (Honda) +8:50 Minuten
03. Adrien van Beveren (Honda) +14:46
04. Luciano Benavides (KTM) +22:16
05. Ricky Brabec (Honda) +29:50
06. Skyler Howes (Honda) +42:44
07. Jose Ignacio Cornejo (Hero) +58:20
08. Edgar Canet (KTM) +1:40:29 Stunden
09. Tobias Ebster (KTM) +2:13:54
10. Stefan Svitko (KTM) +2:14:38