Chester Kieffer beschte Rookie zu Portimao

© isphoto
An der Porsche Sprint Challenge Südeuropa stoungen dëse Weekend déi éischt Coursen um Programm. Mat um Depart war de Lëtzebuerger Chester Kieffer.
De Lëtzebuerger Chester Kieffer geet dës Saison net méi an der franséischer Formel-4 un den Depart mee am Porsche Carrera Cup Frankräich. Fir sech un de Porsche Carrera GT3 Cup Auto ze gewinnen, klëmmt den 18 Joer jonke Pilot an der Porsche Sprint Challenge Südeuropa an den Auto.
An der Qualifikatioun huet de Pilot vun der Ekipp Schumacher CLRT awer scho gewisen, dass hien sech séier un den Auto gewinne konnt. De Chester Kieffer huet an der Qualifikatioun um Circuit zu Portimao a Portugal dee séiersten Tour gedréint an ass vun der Pole, fir déi zou Coursen déi gefuer goufen, un den Depart gaangen.
Beim Start huet et dem Rookie nach un Experienz gefeelt. Souwuel den Ariel Levi a Flynt Schuring, dem Chester Kieffer säin Teamkolleeg, si laanscht gezunn. Eng weider Positioun huet hien am Verlaf vum éischten Tour un de Sacha Norden missen ofginn. Den Tempo konnt de Kieffer awer déi ganz Course iwwer matgoen an ass un den Top-3 Positiounen dru bliwwen. Verbessere konnt hie sech awer net méi. Och wann um Enn eng 4. Plaz erausgesprongen ass, stoung de Lëtzebuerger awer als beschte Rookie ganz uewen um Podium. Gewonne gouf d'Course vum Ariel Levi, dee virum Sacha Norden an Flynt Schuring iwwert de wäisse Stréch gefuer ass.
Déi zweete Course vum Weekend ass ënnert ganz schwierege Konditioune gefuer ginn. Um Autódromo Internacional do Algarve huet et ugefaange mat Reenen. Fir de Pole-Setter Kieffer war et net evident seng Positioun ze verdeedegen. Och wann de Lëtzebuerger am Laf vun der Course weider zréck gefall ass konnt d’Ekipp Schumacher CLRT direkt zwee Mol feieren. Als Fënnefte gouf den Chester Kieffer nees beschte Rookie. Säin Teamkolleeg Flynt Schuring ass als Éischten iwwert d'Arrivée gefuer. De Podium huet den Ariel Levi an den Dirk Schouten komplettéiert.
E gudden Optakt deemno an d'Porsche Carrera Cup Saison fir den Chester Kieffer. Déi nächst Coursse vum Porsche Sprint Challenge Südeuropa ginn de 7. an 8. Februar zu Estoril a Portugal gefuer.