No technesche Problemer um Freideg den Owend konnt de Lëtzebuerger Grégoire Munster e Samschdeg de Moien nees un den Depart goe vum Rallye Monte-Carlo.

Op der éischter Special vum Dag, vu La Motte-Chalancon op Saint-Nazaire, ass him dann och den Exploit gelongen, seng éischt Beschtzäit a senger nach jonker Karriär an der Rallye-WM ze fueren. Hien ass déi 27 Kilometer a 16 Minutten 28,6 Sekonne gefuer. Op der Arrivée hat hien 0,8 Sekonne Virsprong op den 8-fache Weltmeeschter Sébastien Ogier, deen him dann och am Livestream zu sengem Exploit gratuléiert huet.

Am ganze sti 6 Speciallen um Programm um Samschdeg.

Duerch den techneschen Ausfall e Freideg den Owend ass den Equipage Munster/Louka am General wäit no hanne gefall, woumat e gutt Resultat net méi méiglech ass. Et geet elo nach drëm Erfarungen um Ford Puma a mat den neie Pneuen ze sammelen, a wie weess, vläicht nach déi eng oder aner Beschtzäit.

Un der Spëtzt ass weiderhin de Sébastien Ogier virum Elfyn Evans an dem Adrien Fourmaux.