Staark Leeschtung vu Munhowen/Kalmes a Kellen/Hoffmann

Vum 6.-8. Mäerz gouf déi 21. Editioun vum Rally Clásico Isla de Mallorca-Puerto Portals gefuer.
Dëst ass e Rallye, dee Joer fir Joer vill Equipagen aus ganz Europa unzitt. E besonnesche Charme verstreet heibäi de Service Park, wou un den Autoe geschafft gëtt. Deen ass nämlech am Hafe vu Puerto Portals, tëscht de wonnerschéine Yachten.

Et ass jo gewosst, dass immens vill Vëlosfuerer d'Stroossen op Mallorca ze schätze wëssen, an dacks schonn am Fréijoer dohinner fléien, fir do ze trainéieren. Déi selwecht Stroossen hunn och hire Charme fir d'Rallyespiloten.
Promo-Video am Virfeld vun der Editioun 2025
Dëst Joer waren Teams aus Spuenien, Däitschland, Groussbritannien, Éisträich, der Schwäiz, Holland an aus Lëtzebuerg um Depart.
D'Lëtzebuerger sollten dann och eng ganz wichteg Roll spillen.
Direkt op der 1. Special donneschdes owes huet den Éisträicher Kris Rosenberger awer kloer gemaach, dass hie mat ëm d'Victoire kämpfe wäert. Hie konnt mat sengem Porsche 911 SC déi éischt Beschtzäit fueren. Op Plaz 2 koum dunn awer schonn den Equipage Bob Kellen an Nathalie Hoffmann um Ford Escort MKII. De Yann Munhowen an de Luc Kalmes koume beim Optakt vum Rallye op Plaz 5, dat um Yann sengem BMW M3 E30.
Schonn op der 2. Special huet de Bob Kellen dunn awer d'Potential vu sengem Escort voll ausgeschöpft a konnt eng éischt Beschtzäit fueren an de Retard op de Rosenberger op 2,4 Sekonne reduzéieren. Och de Yann Munhowen huet säi Rhythmus lues awer sécher fonnt an en ass déi drëttséierst Zäit gefuer.
Freides war et dunn de Britt Rhys Yates um Porsche 911 Carrera RS, dee sech mat an d'Beschtzäitelëscht ageschriwwen huet, dat op der 4. Special, nodeems déi drëtt ofgesot gi war.
Mat et sollt op der 5. Special nach besser ginn... well do war et de Yann Munhowen, deen d'Beschtzäit gefuer ass. Deemno sinn op de 4 Speciallen, déi gefuer goufen, 4 verschidden Equipagen d'Beschtzäite gefuer. Méi spannend konnt et bal net ginn.
D'Specialle 6 a 7 waren dunn awer nees fir de Bob Kellen an d'Nathalie Hoffmann, déi dann och d'Spëtzt vum Generalklassement iwwerholl hunn, dat virum Yann Munhowen a Luc Kalmes. Deemno Plazen 1 an 2 fir zwee Lëtzebuerger Teams. De Kris Rosenberger huet säi Porsche wéinst enger futtisser Kupplung mussen ofstellen. Op Plaz 3 waren de Rhys Yates an de Max Freeman um Porsche 911 Carrera RS.
Um Samschdeg de Moien huet dunn d'Stonn vun deem britteschen Duo geschloen. Et hat iwwer Nuecht gereent an et gouf e reegelrechte Pneuepoker. D'Britten haten op Reepneue gesat, wat sech als de richtege Choix erausstelle sollt. Si konnten op der 8. Special 15,5 Sekonne méi séier wéi Munhowen/Kalmes fueren, a souguer bal 30 Sekonne méi séier wéi Kellen/Hoffmann. Deementspriechend gouf och d'Generalklassement nach emol komplett op d'Kopp geheit, mat Yates op der 1, Munhowen op der 2 a Kellen op der 3.
Mat de schwierege Wiederkonditiounen ass de Britt mat sengem Porsche am beschten eens ginn, woubäi déi gutt Traktioun duerch de Motor op der hënneschter Achs sécherlech säin Deel dozou bäigedroen huet.
De Bob Kellen konnt op der zweetleschter Special, bei quasi dréchene Bedingungen nach emol eng Bëschtzäit fueren, et sollt awer net méi duergoen, fir nach weider no vir ze kommen.
D'Victoire geet no 13. Speciallen an 140 chronometréierte Kilometer u Yates/Freeman op Porsche 911 Carrera RS.
Plaz 2 geet u Munhowen/Kalmes um BMW M3 E30, mat 17,7 Sekonne Réckstand.

De Podium komplettéiere Kellen/Hoffmann op 1min09,4.

Deemno eng ganz staark Virstellung vun den zwee Lëtzebuerger Equipagen, bei dësem Rallye op Mallorca.