Mat enger 5. a 7. Plaz huet den 18 Joer ale Lëtzebuerger säi Potential an den éischten zwou Coursë vum franséische Championnat gewisen.

Dëse Weekend war den Optakt vum Porsche Carrera Cup Frankräich op der Formel-1-Streck vu Barcelona. No de gudde Performancë vum Chester Kieffer, deen als beschte Rookie an 3. am Général vum Porsche Sprint Challenge Südeuropa gi war, konnt ee gespaant sinn, wéi de Lëtzebuerger an d’Saison vum Porsche Carrera Cup Frankräich géif starten. An der Qualifikatioun hat de Pilot vun Schumacher CLRT e bëssen ze kämpfe mam Resultat, dass hie fir déi éischt Course vum Weekend vun der 8. Startplaz huet missen un den Depart goen. Fir déi zweete Course ass hien als 6. gestart.

An der éischter Course vum Weekend konnt den Chester Kieffer sech direkt nom Départ laanscht zwee Konkurrenten drécken. Laanscht säin Teamkolleeg Louis Perrot koum hien op der Streck zwar net, mee am Klassement awer. Wéinst enger Zäitstrof wéinst "Track Limits" géint de Perrot gouf den Chester Kieffer um Enn nach de Fënneften.

Den Chester Kieffer konnt an der zweeter Course em eng Podiumsplaz matkämpfen. Bei enger Tentative, sech no vir ze schaffen, ass dem Lëtzebuerger awer Plaz ausgaangen, ass zréckgefall an hat domat keng Chance méi, ëm Top-3-Plazen ze kämpfen. Um Enn ass déi 8. Plaz erausgesprongen.

Och wann et an deenen éischte Coursë vum Championnat net duergaangen ass fir eng Podiumsplaz am General ze feieren, gouf den Chester Kieffer an deenen zwou  Manchen zweemol beschte Rookie.

Déi nächst Manchë vum Porsche Carrera Cup Frankräich ginn de Weekend vum 11. Mee zu Dijon a Frankräich gefuer.

De Kalenner 2025

  • 9-11. Mee Dijon
  • 20-22. Juni Spa-Francorchamps
  • 18-20. Juli Misano
  • 19-21. September Valencia
  • 3-5. Oktober Paul Ricard