Ziler fir dëst Joer sinn d'Victoire am Opel Electric Rally Cup, woumat e Wierkskontrakt bei Opel verbonnen ass, grad wéi d'Victoire beim Rallye Lëtzebuerg.

De Jonas Schmitz huet 22 Joer an en huet déi duebel Nationalitéit (Belsch a Lëtzebuergesch). Zanter 2022 ass hien am Rallyesport aktiv. Bis elo war hie mat belscher Lizenz ënnerwee, dat haaptsächlech bei belsche Rallyen.

RTL

Zanter dëser Saison fiert de Jonas Schmitz ënner Lëtzebuerger Lizenz.

Ugefaangen huet et op engem Renault Clio, dat un der Säit vum Belsch Tom Heindrichs. Den Tom Heindrichs ass den Hallefbrudder vum aktuelle Rallye-Weltmeeschter Thierry Neuville. Deemno läit do de Rallyesport definitiv an de Geenen.

2023 sinn de Tom Heindrichs an de Jonas Schmitz am Stellantis Cup Belux un den Depart gaangen, dat op engem Opel Corsa Rally4. Si konnten hei den Exploit erreechen a sech um Enn déi zweet Plaz am Generalklassement sécheren, dëst hannert engem ganz séiere Julian Wagner. Dat Joer ware se och beim Rallye Lëtzebuerg um Start, konnten d'Klass RC4 gewannen a waren um Enn op Plaz 10 am Generalklassement, dat als séiersten Equipage op engem Front-ugedriwwenen Auto.

2024 hu béid et nach emol am Stellantis Cup Belux probéiert... a si konnte sech um Enn vun der Saison och belounen, well mat konstant staarke Leeschtungen op de 5 Rallyë vum Cup gi se um Enn déi Éischt.

Si hu sech dat Joer awer och e besonnesche Kaddo gemaach, well si si beim Rallye Lëtzebuerg mat engem Toyota GR Yaris Rally2 un den Depart gaangen. Et war hiren éischte Rallye op deem Allradler. Si hu sech zimmlech séier un den Auto konnte gewinnen a ginn um Enn déi exzellent Drëtt am Generalklassement, hannert dem Marijan Griebel/Tobias Braun op Skoda Fabia RS Rally2 an dem Charles Munster/Loïc Dumon um Hyundai i20 N Rally2.

RTL

© Ketty a Rom Hankes

Grouss Pläng fir d'Saison 2025

Mat dem Elan vum Succès an der Saison 2024 geet et dann och an d'Saison 2025. Hei stinn divers grouss Aufgabe virum jonken Duo.

Eng gréisser Ännerung dann och direkt zum Optakt vun der Saison. De Jonas Schmitz huet souwuel déi belsch, wéi och déi Lëtzebuerger Nationalitéit. Hien huet da fir dëst Joer decidéiert, ënnert Lëtzebuerger Fändel ze fueren. An dee wäert een dann international op verschiddene Büne gesinn.

RTL

E weidere Pilot mat duebeler Nationalitéit huet sech entscheet ënner Lëtzebuerger Fändel ze fueren, dat a Persoun vum Jonas Schmitz.

1) ADAC Opel Electric Rally Cup
Grousst Zil fir dës Saison ass d'Victoire am däitschen ADAC Opel Electric Rally Cup. De Gewënner vun dësem Cup kritt nämlech fir d'Saison 2026 e Cockpit als Wierksfuerer fir Opel an der Rallye-Europameeschterschaft, dëst op engem Opel Corsa Rally4.

Net manner wéi 7 Rallyë ginn am Cup gefuer an dat verdeelt op verschidde Länner.

25.-26. Abrëll: Rallye Sulingen (D)
23.-24. Mee: ELE Rally (NL)
14.-16. Juni: Rallye Vosges Grand-Est (F)
15.-16. August: Saarland-Pfalz Rallye (D)
5.-6. September: Rallye Mont-Blanc Morzine (F)
26.-27. September: Rallye Stemweder Berg (D)
16.-19. Oktober: Central European Rally (D,A,CZ)

2) Europawäit ënnerwee um Rally4-Auto
Fir sech optimal op déi nächst Saison virzebereeden, an Erwaardung vun enger Victoire am Electric Rally Cup, fueren den Tom Heindrichs an de Jonas Schmitz och eng Partie Leef uechter Europa, sou z.B. an Italien oder Kroatien, dat op Asphalt a Schotter. Den EM-Laf Ufank Juli zu Roum steet ënnert anerem um Programm. All déi Rallyë fuere se um Opel Corsa Rally4.

3) Rallye Lëtzebuerg 2025
Nodeems déi zwee zejoert beim Rallye Lëtzebuerg eng éischte Kéier op engem Rally2-Auto gefuer sinn an do op déi gutt 3. Plaz komm sinn, sou hu se fir dëst Joer aner Ambitiounen. Si wëlle sech nach emol op engem Rally2-Auto mat der Konkurrenz moossen, an d'Zil ass d'Gesamtvictoire, esou déi selbstbewosst Ausso vum Jonas Schmitz am RTL-Interview. Fir dee Projet si se nach amgaangen, déi néideg Sponsoren zesummenzesichen.

Gelongenen Optakt an d'Saison

Fir d'Saison optimal ze preparéieren, sinn de Jonas an den Tom un den Depart vum Quatto River Rally Karlovac a Kroatien gaangen, dat um Opel Corsa Rally4. Et ass e séiere Rallye mat ville Koppen dran, grad ewéi ville verschidde Gripp-Situatiounen. Et goung drëm Erfarungen ze sammelen, dat och en Vue vun engem eventuellen Depart beim EM-Laf a Kroatien Ufank Oktober.

RTL

De Rallye ass dann och quasi optimal fir si verlaf. Si konnten all d'Speciallen an hirer Klass gewannen, bis op déi 2. Special, wou d'Servolenkung ausgefall war duerch e Cut an der Leitung. Déi 2 Minutten, déi se doduerch verluer hunn, hu se op de verbleiwende 6 Speciallen nees guttgemaach, wouduerch se sech um Enn nach d'Victoire an der Klass séchere konnten.

Op der leschter Special ass hinne souguer nach den Exploit gelongen, déi drëttbescht Zäit am Generalklassement ze fueren, virun enger Partie Piloten op méi staarken Allradler.

Am Schlussklassement war et Plaz 8 ënner 62 Starter.

RTL

Elo heescht et, sech op den Optakt am däitschen Opel Electric Rally Cup Enn Abrëll virzebereeden, fir dem Dram vun engem Cockpit am Opel Wierksteam méi no ze kommen.