Nieft Porsche Carrera Cup Asia elo och nach an der GT World Challenge Asia

© Earl Bamber Motorsport
Dylan Pereira fiert fir Earl Bamber Motorsport op engem Porsche 911 GT3 R am Kader vun der GT World Challenge Asia.
De Lëtzebuerger Dylan Pereira schéint sech an Asien wuel ze spieren. Hie fiert jo zanter leschtem Joer am Porsche Carrera Cup Asia, an um Donneschdeg koum d'Ukënnegung, dass hien dës Saison och an der GT World Challenge Asia vereenzelt Coursse fiert, dat fir d'neiséilännescht Team "Earl Bamber Motorsport".
Lass geet et dëse Weekend um fréiere Formel-1-Circuit vu Sepang a Malaysia. Souwuel e Samschdeg, wéi och e Sonndeg stinn all Kéiers eng Course vun enger Stonn um Programm.
An den Asaz kënnt e Porsche 911 GT3 R (Startnummer 61), wourop de 27 Joer jonke Lëtzebuerger sech besonnesch freet. Den Dylan Pereira deelt sech den Auto mat dem Adrian D'Silva a si fueren an der Pro-AM-Klass. Béid Pilote kenne sech aus dem Porsche Carrera Cup Asia.
Si fueren am Team EBM vum Earl Bamber, deen 2014 de Porsche Supercup gewanne konnt. Eppes, wat dem Dylan Pereira am Joer 2022 och gelonge war.
Live Timing a Livestream vun der Course zu Sepang
Nom Asaz an der GT World Challenge Asia zu Sepang geet et direkt weider a Japan. Hei gëtt vum 18.-20. Abrëll déi zweet Manche vum Carrera Cup Asia gefuer, dëst um Circuit zu Motegi, deen nei am Programm ass. De Pereira hofft sech séier un de Circuit ze gewinnen a seng Féierung am Cup ze verdeedegen, respektiv auszebauen.
Den Dylan Pereira wäert awer net just an Asien ze gesi sinn... och Courssen an Europa stinn um Programm. Am Gespréich ass ënnert anerem en Depart am Team "48 Losch Motorsport by Black Falcon" bei der 24-Stonne-Course um Nürburgring. Ënnerschriwwe wier allerdéngs nach näischt, heescht et vum Management vum Dylan Pereira.
Am Pressecommuniqué vun dësem Donneschdeg ass dann och nach rieds vu weidere Gespréicher fir aner 24-Stonne-Courssen. Et däerf ee gespaant sinn.