Ogier gewënnt eng 7. Kéier d'Rallye Portugal, Munster hat et schwéier
De Fransous wär bal nach vum Ott Tänak ageholl ginn, deen eng Ophuelgjuegd gestart hat. De Grégoire Munster koum just op déi 9. Plaz.
Nodeems de Sébastien Ogier e Samschdeg d'Féierung am Klassement vum Ott Tänak, dee Problemer mat der Servolenkung hat, iwwerholl hat, huet de Fransous sech um Sonndeg déi éischt Plaz net méi huele gelooss. Den Tänak huet wuel probéiert, de Réckstand op den Ogier ze verkierzen, mee 36 Sekonne waren ze vill.

© Ketty a Rom Hankes
Um Enn waren et 8 Sekonnen. Den Ogier ass d'Course mat senger ganzer Routine op en Enn gefuer a konnt sou seng insgesamt 7. Victoire bei der Rallye Portugal feieren. De Podium gouf vum Kalle Rovanperä komplettéiert.

© Ketty a Rom Hankes
De Grégoire Munster gouf bei der 5. Manche vun der Rallye-WM just den Néngten. En huet sech ënnert anerem vu sengem Teamkolleeg Josh McErlean musse geschloe ginn, dee seng éischt Saison am Ford Puma Rally1 fiert. De Munster huet de ganze Weekend iwwer net wierklech e Setup fonnt, deen et him erméiglecht hätt besser Zäiten ze fueren. Just op der 11. Special konnt hien eng fënneftbescht Zäit am Generalklassement fueren, an dann nach zwee mol eng 7. Zäit. Fir de Recht war e meeschtens tëscht der 8. an 12. Zäit ënnerwee.
Déi aner Plazen an den Topp 10 waren ënner anerem fir den Thierry Neuville (4.) an den Elfyn Elvans (6.).
An der WM bleift den Elfyn Evans Leader am Klassement mat 118 Punkten. Hannendru kënnt de Kalle Rovanperä mat 88 Punkten an de Sébastien Ogier mat 86 Punkten. Deemno 3 mol Toyota op den 3 éischte Plazen.
Beschten Net-Toyota-Pilot ass den Ott Tänak op Hyundai. Hien huet mat 84 Punkte just 2 Punkte Réckstand op den Ogier. Den aktuelle Weltmeeschter Thierry Neuville kënnt momentan just op Plaz 5 mat 78 Punkten.
De Grégoire Munster huet no der Rallye Portugal 18 Punkten a steet op Plaz 9 am WM-Klassement.

© Ketty a Rom Hankes
Déi nächst Manche ass vum 5. bis den 8. Juni op Sardinien programméiert.