Theo Oeverhaus wënnt chaoteschen Optakt an d'Saison

© PorscheMobil1Supercup / Twitter
E Sonndeg gouf zu Imola an Italien um Bord vun der Formel 1 déi éischt Manche vum Porsche Supercup gefuer.
Déi 33. Saison vum Porsche Supercup hätt net kéinte méi dramatesch ufänken. Nodeems den Theo Oeverhaus seng éischt Positioun um Start souverän verdeedege konnt, koume sech de Marvin Klein an ee vun den Target-Piloten an der drëtter Kéier net aus dem Wee. D’Resultat heivu war eng Massekarambolage, déi nieft groussem Schued u sëllege Gefierer och e roude Fändel provozéiert huet. Och ënnert anerem d‘Favoritte Klein an de Haan am Lechner Racing hunn domat hiren 911 Cup missen ofstellen.
Nodeems d’Course du vu 15 op 12 Ronne verkierzt gouf an d’Renndirektioun decidéiert huet, dës éischt Manche hannert dem Safety Car nei ze starten, huet den Theo Oeverhaus och eng weider Kéier e klore Kapp behalen an dës Course dominéiert. Hannert him koumen, wéi och schonn an der Qualifikatioun, den Ariel Levi op der zweeter an de Kas Haverkort op der drëtter Positioun an d’Zil.
Den nächste Sonndeg geet et dann direkt weider mat der zweeter vun aacht Courssen am Supercup an dat um legendäerste Stad-Circuit vun der Welt zu Monaco. Sidd och Dir nees mat dobäi op RTL Play.