Bei waarme Summertemperature stoung dëse Weekend zu Vallelunga an Italien déi drëtt an véiert Manche vun der NASCAR Euro Series um Programm.

Am Kader vum American Festival of Rome huet d’Rennserie en italieenesche Motorsport-Festival gefeiert, mee aus Lëtzebuerger Siicht war et e Weekend fir ze vergiessen.

De Gil Linster, deen als Leader am Championnat op Vallelunga komm ass, konnt seng Spëtzepositioun am Championnat net verdeedegen. Nodeems hie rezent eng medezinesch Behandlung hat, huet hie weider mat Gesondheetsproblemer ze kämpfen. Eng Situatioun, déi him net nëmmen d’Konzentratioun erschwéiert huet, mee och d’Performance um Circuit.

Fir d'Course um Samschdeg huet de Gil Linster net un der Qualifikatioun deelgeholl an huet missen als Leschte starten. Déi éischt Course gouf duerch en Accident ënnerbrach, mee spéider nees gestart. Et war en intensiven Duell un der Spëtzt, deen den Thomas Krasonis fir sech entscheet huet. Op déi zweet Plaz koum de Bruno Mulders, virum Thomas Dombrowski op Plaz dräi. De Gil Linster ass op der  17. Plaz gewäert ginn a konnt domat wichteg Punkten an engem schwierege Weekend sécheren.

Sonndes gouf déi véiert Manche bei stralendem Sonneschäi gefuer. D’Course war vu ville Kämpf an enke Manövere markéiert. D’Spectateuren hu Rennsport op héchstem Niveau gesinn. Gewonnen huet den Titelverdeedeger Martin Doubek virum Thomas Dombrowski an dem Patrick Schober. De Gil Linster gouf och bei der zweeter Course als 17. klasséiert. Am Gesamt-Klassement ass hien no dësem Weekeng op déi 9. Plaz zeréckgefall.

Trotz dëse Resultater bleift de Kampf ëm den Titel op, och wann d’Kaarte fir de Lëtzebuerger elo nei gemëscht goufen. Fir de Gil Linster heescht et elo, sech gesondheetlech zeréckkämpfen, analyséieren a sech optimal sir d’nächst Manche virbereeden. Et ass nach alles dran.