Zwee Adeleger an ee "Steve McQueen"
Et war e Sonndeg zwar réischt déi 3. Editioun vun de Schëtter Classic Days, ma d'Expo huet sech antëscht net just bei Liebhaber en Numm gemaach.
Iwwer 1.000 Autoe ware fir de Weekend ugemellt ginn, dorënner e Porsche 917 aus de 70er, deen duerch den Acteur Steve McQueen bekannt ginn ass. Dëst Joer stoung awer eng aner Zort Oldtimer am Mëttelpunkt – nämlech där "Adleger"! E Chrysler an ee Mercedes, mat deem d'groussherzoglech Famill ënnerwee waren.
De Jean-Marie Keipes war vun 1971-2009 Chauffer fir d'Famill vum Grand-Duc an huet de Mercedes kaf, wéi d’Maschinn ausgedéngt hat. Bis dohinner hätt hie seng Passioun kënnen ausliewen, ouni e Sou auszeginn. Den Auto huet hie vum Haff kaaft, et ass säin zënter 1996.
Geheegt a gefleegt gëtt de Benz. De Jean-Marie passt an d’Maschinn, wéi si op Schëtter passt. Ee vun den Highlights vun dëser Editioun, nieft dem Chrysler 1957. Och dee war am Déngscht vum Haff ënnerwee. An deem Chrysler ass d’Grande-Duchesse Charlotte de franséische President René Coty op de Findel siche gaangen.
Verstëbst huet de Lëtzebuerger Serge Fischer de Won Joerzéngten duerno gewise kritt, an hien huet zougeschloen ouni ze zecken. Den Auto hätt fir hien eng speziell Bedeitung. Ënnert senge villen Autoen hätt deen hei seng Geschicht. D’Organisateure vun de Schëtter Classic Days hätten hie gefrot, en onbedéngt ze bréngen, an esou wier dat hei déi éischte Kéier, dass de Won ausgestallt wier.
"Mir weisen hei e Koup vu schéine Virkrichsautoen, dat muss een emol zesummekréien", erkläert de Pit Streveler, ee vun den houfregen Organisateuren. Hien ass op Oldtimer spezialiséiert a weess, wéi een Auto fir wat steet.
Begeeschtert iwwer d’Begeeschterung vun de Leit ass och den Thierry Schloesser, Organisateur vun de Schëtter Classic Days. Iwwer 1.000 Autoe waren dëst Joer ageschriwwen. Hie géif säi Bescht ginn, fir dësen Event. Wat bedeiten Autoen, déi vu fréier a vun haut, fir hien?
"De Geroch, de Feeling, d’Fräiheet!", seet deen, dee selwer Course fiert. Eng Begeeschterung déi matrappt a virwëtzeg méicht op Schëtter 2026.