Am Qualifying fir d'Course e Sonndeg huet hie sech viru sengem Teamkolleeg Lando Norris behaapt.

An der Formel 1 huet sech e Samschdeg den Oscar Piastri am Qualifying vum Grousse Präis vu Spuenien d'Pole Position geséchert.

Um Circuit zu Barcelona gouf et am Q3 eng éischt grouss Enttäuschung vum Yuki Tsunoda, deen am Mercedes net iwwert déi 20. Plaz eraus komm ass. Donieft waren och de Franco Colapinto, Carlos Sainz, Esteban Ocon an den Nico Hülkenberg eliminéiert. Am Q2 hat et dann den Oliver Bearman, Lance Stroll, Liam Lawson, Gabriel Bortoleto an Alexander Albon erwëscht.

D'Fro ëm d'Pole Position war bis zum Schluss vum Q3 oppen, wou sech dann awer den Oscar Piastri relativ däitlech mat 0,209 Sekonne Virsprong op de Lando Norris déi 1. Plaz séchere konnt. Aus der zweeter Startrei ginn de Max Verstappen an den George Russell un den Depart.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 AWS GRAN PREMIO DEL MADE IN ITALY E DELL'EMILIA-ROMAGNA 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025