Marc Marquez wënnt de Grousse Präis vun Italien

© AFP
E Sonndeg stoung am Motosport de Grousse Präis vun Italien um Programm.
An der MotoGP konnt sech de Marc Marquez nom Succès am Sprint e Samschdeg an der Haaptcourse viru sengem Brudder Alex Marquez an dem Fabio Di Giannantonio behaapten.
Um Circuit zu Mugello hat sech de Bagnaia direkt nom Depart ënnert der Euphorie vum Heempublikum laanscht de Marc Marquez un d'Spëtzt vun der Course gesat. De Spuenier huet sech dat awer net gefale gelooss a sech d'Plaz an der zweeter Ronn nees zréckgeholl. Béid Piloten hu sech een enkt Duell geleescht, un dat sech ëmmer nees och den Alex Marquez vun der drëtter Plaz dru bedeelegt huet. Am weidere Verlaf vun der Course konnt de Marc Marquez sech dann awer op der éischter Plaz festsetzen an dës och bis zum Enn halen. De Francesco Bagnaia huet seng Podiumsplaz dogéint nach zwou Ronne viru Schluss un de Fabio di Giannantonio ofginn.
An der Moto2 ass de Manuel Gonzales duerch ee Succès nees neie Leader am WM-Klassement. De Spuenier stoung um Enn um Podium op der ieweschter Plaz virum Albert Arenas an dem Aron Canet.
An der Moto3 ass d'Victoire un de Maximo Quiles. De réischt 17 Joer jonke Rookie hat an enger immens enker Schlussphas d'Nues vir a behaapt sech am Foto-Finish virum Carpe a Foggia.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1. M. Marquez 41:09.214
2. A. Marquez +1.942
3. F. Di Giannantonio +2.136
4. Francesco Bagnaia +5.081
5. M Bezzecchi +9.329
6. F. Morbidelli +16.866
7. R. Fernandez +18.526
8. P. Acosta +19.349
9. B. Binder +19.377
10. A. Ogura +21.943
Moto2
1. M. Gonzalez 35:34,695
2. A. Arenas +1,409
3. A. Canet +3,648
4. D. Moreira +3,745
5. C. Vietti +3,815
6. D. Öncü +5,091
7. I. Guevara +5,683
8. D. Alonso +5,924
9. J. Roberts +9,167
10. M. Ramirez +9,247
Moto3
1. M. Quiles 33:17.697
2. A. Carpe +0.006
3. D. Foggia +0.066
4. J. Rueda +0.102
5. D. Munoz +0.212
6. T. Furusato +0.312
7. A. Piqueras +0.426
8. V. Perrone +0.448
9. J. Kelso +0.550
10. R. Yamanaka +1.242
De General
MotoGP
1. M. Marquez 270
2. A. Marquez 230
3. F. Bagnaia 160
4. F. Morbidelli 128
5. F. Di Giannantonio 120
6. J. Zarco 97
7. M. Bezzecchi 94
8. P. Acosta 84
9. F. Aldeguer 78
10. F. Quartararo 61
Moto2
1. M. Gonzalez 143
2. A. Canet 134
3. D. Moreira 103
4. B. Baltus 94
5. J. Dixon 85
6. S. Agius 80
7. D. Öncü 72
8. A. Arenas 66
9. C. Vietti 63
10. M. Ramirez 61
Moto3
1. J. Rueda 162
2. A. Piqueras 106
3. A. Carpe 105
4. J. Kelso 93
5. M. Quiles 85
6. T. Furusato 77
7. L. Lunetta 63
8. D. Munoz 62
9. A. Fernandez 61
10. D. Almansa 56