Mam Tänak senger Victoire steet déi éischt Kéier an dëser Saison keen Toyota ganz uewen um Träppchen. D'Fransousen Ogier a Fourmaux koumen hannendrun.

Bei brutaler Hëtzt an op schwéierem Terrain gewënnt den Est Ott Tänak déi siwent Manche vun der Rallye-Weltmeeschterschaft a Griicheland ronderëm Athen. Et war déi éischt Victoire fir e Hyundai-Auto an dëser Saison. Déi lescht gouf et am Oktober 2024. Den Tänak hat eng komfortabel Avance vun 32 Sekonnen op de Sébastien Ogier. Den Adrien Fourmaux koum am zweete Hyundai mat iwwer 3 Minutte Retard op déi drëtt Plaz an huet domat dat gutt Resultat fir seng Ecurie ofgeronnt. Den Elfyn Evans an den Thierry Neuville hunn d'Topp 5 komplettéiert.

De Lëtzebuerger Grégoire Munster war e Sonndeg net méi un den Depart gaangen. Hien huet no den Epreuvë vum Samschdeg wéinst technesche Problemer missen opginn. Hie louch deen Ament op Plaz 6.

D'Manche a Griicheland huet de Piloten alles ofverlaangt. Si hunn net nëmmen hiert fuererescht Kënnen ënner Beweis musse stellen, mee mussten och géint d'Hëtzt ukämpfen. A verschiddenen Autoe goufen Temperature vu 70 Grad gemooss.

Déi nächst Manche vun der Rallye-WM ass vum 17. bis den 20. Juli an Estland, also en Heemspill fir den Ott Tänak.