Nächst Victoire fir de Marc Marquez

© MICHAL CIZEK / AFP
Zu Brünn an Tschechien war de Spuenier op en Neits de Séiersten. Op d'Plazen 2 an 3 sinn de Marco Bezzecchi an de Pedro Acosta gefuer.
Nom Sprint huet de Marc Marquez och d'Course beim Moto GP an Tschechien gewonnen. Et war de 5. Weekend hannerteneen, datt de Spuenier sech de Maximum vu 37 Punkte séchere konnt. Ab der 8. Ronn hat de Spuenier d'Féierung iwwerholl an huet sech um Enn mat engem Virsprong vun iwwer 1,7 Sekonnen duerchgesat. De Bezzecchi konnt sech déi 2. Plaz virum Acosta sécheren. De Bagnaia, dee vun der Pole gestart war, gouf um Enn de Véierten. Den Alex Marquez war gefall a konnt d'Course net op en Enn fueren.
Am General huet de Marc Marquez säi Virsprong op den Alex Marquez op 120 Punkten ausgebaut.
Am Moto2 huet den Joe Roberts d'Course gewonnen. Hie konnt sech virum Barry Baltus an dem Manuel Gonzalez duerchsetzen.
De Jose Antonio Rueda huet am Moto3 eng souverän Start-Zil-Victoire gefeiert. De Podium gouf vum Maximo Quiles an dem David Munoz komplettéiert.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 M. Marquez Ducati Lenovo Team 40:04.628
2 M. Bezzecchi Aprilia Racing +1.753
3 P. Acosta Red Bull KTM Factory Racing +3.366
4 F. Bagnaia Ducati Lenovo Team +3.879
5 R. Fernandez Trackhouse MotoGP Team +10.045
Moto2
1 J. Roberts Onlyfans American Racing Team 36:03.441
2 B. Baltus Fantic Racing Lino Sonego +1.079
3 M. Gonzalez LIQUI MOLY Dynavolt Intact GP +3.625
4 D. Holgado CFMOTO Inde Aspar Team +7.365
5 C. Vietti Sync SpeedRS Team +7.494
Moto3
1 J. Rueda Red Bull KTM Ajo 33:40.677
2 M. Quiles CFMOTO Gaviota Aspar Team +3.471
3 D. Muñoz LIQUI MOLY Dynavolt Intact GP +3.495
4 A. Piqueras FRINSA - MT Helmets - MSI +3.559
5 D. Foggia CFMOTO Gaviota Aspar Team +3.689
De General
MotoGP
1 MARQUEZ Marc 381
2 MARQUEZ Alex 261
3 BAGNAIA Francesco 213
4 BEZZECCHI Marco 156
5 DI GIANNANTONIO Fabio 142
Moto2
1 GONZALEZ Manuel 188
2 CANET Aron SPA 163
3 BALTUS Barry BEL 134
4 MOREIRA Diogo BRA 128
5 DIXON Jake GBR 119
Moto3
1 RUEDA Jose Antonio 228
2 PIQUERAS Angel 143
3 CARPE Alvaro 133
4 QUILES Maximo 126
5 MUÑOZ David 123