Dräi Pilote kämpfen nach ëm de prestigiéisen Titel vum beschten Nowuespilot. De Lëtzebuerger Chester Kieffer geet als Rookie-Leader an déi leschte Course. Virun allem de Fransous Paul Cauhaupé kann him awer nach geféierlech ginn. Och den Italieener Andrea Bristot huet nach Chancen, mee misst bei sengem Heemspill schonn op ee klengt Wonner hoffen.
Suivéiert de PORSCHE MOBIL1 SUPERCUP MONZA 2026 mat Lëtzebuerger Commentaire live op RTL ZWEE an RTL PLAY.
Wéinst de méi strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn och d’Porsche-Supercup-Contenuen op RTL PLAY elo mat engem Login protegéiert. Wien d’Livestreamen an d’Highlights vun de Porsche-Supercup-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm an -Passwuert aloggen. Och an Zukunft brauch een awer wuelverstanen näischt fir de Porsche Supercup op RTL PLAY ze bezuelen.
Course, mir iwwerdroen de Programm op RTL ZWEE an RTL Play
Sonndeg, 6. September 2026:
Ufank vun der Emissioun: 11h40
Depart vun der Course: 11h45
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 12h30
Commentaire: Tom Nols
