Am Kader vum Grousse Präis vun Italien huet Alpine annoncéiert, dass de Kontrakt mam Pierre Gasly fréizäiteg verlängert gouf.

Den Alpine-Kontrakt vum Pierre Gasly sollt souwiesou nach bis Enn 2026 lafen. Elo sinn de franséische Pilot an déi franséisch-brittesch Ecurie sech eens ginn, fréizäiteg ëm zwee Joer matenee ze verlängeren. De Pierre Gasly bleift also bis Enn 2028 bei Alpine. Am offizielle Communiqué heescht et, dass dës Vertragsverlängerung weise géif, wéi engagéiert de Pierre Gasly bei Alpine wier, a wéi staark Alpine un de Pierre Gasly als Teamleader gleewe géif.

De Pierre Gasly seet, hie wier als Fransous besonnesch houfreg fir eng franséisch Autosmarque ze fueren: "Ech gesinn hei meng Zukunft a wëll hëllefen, dass eise gemeinsame Projet geléngt: Courssen a Weltmeeschterschaften ze gewannen."

De Flavio Briatore, den defacto Chef vum F1-Team ënnersträicht seng Ambitiounen, aus Alpine erëm eng erfollegräich Écurie ze maachen: "Mir si gutt preparéiert fir d’F1-Zukunft, déi 2026 ufänkt. Mir hunn elo eisen Teamleader confirméiert, mat deem mir gutt an d’Zukunft komme wëllen. De Pierre ass an dësen herausfuerdernden Zäiten immens wichteg fir eis. Ech war beandrockt vu senger Astellung, sengem Engagement a sengem Talent a mir freeën eis, dee Projet laangfristeg zesumme virun ze féieren."
 
An der Tabell läit Alpine aktuell mat 20 Punkten op der allerleschter Plaz. De Pierre Gasly ass deen eenzege Alpine-Pilot, dee bis elo dës Saison Punkte sammele konnt. Den Australier Jack Doohan gouf no 6 Courssen op d’Ersatzbänk gesat. Och säin argentinesche Successeur Franco Colapinto fält éischter mat Feeler wéi gudde Leeschtungen op.
 
Et ass warscheinlech keen Zoufall, dass Alpine d’Vertragsverlängerung op engem 6. September zu Monza bekannt ginn huet. Viru fënnef Joer huet de Pierre Gasly nämlech beim Grousse Präis vun Italien seng éischten a bis elo eenzeg Formel-1-Course gewonnen. Fir de Fransous, deen deemools nach fir Alpha Tauri (haut: Racing Bulls) gefuer ass, ass dat bis haut deen emotionaalste Moment a senger ganzer Karriär.

RTL

6. September 2020: de Pierre Gasly gewënnt zu Monza säin éischte Grand-Prix / © Red Bull Content Pool