De Yannis Weyland gëtt Champion an Däitschland an a Frankräich

No den Nitrolympx um Hockenheim sinn d'Punkten fir d'DMSJ-Meeschterschaft vum DMSB zesummegezielt ginn.
De Yannis Weyland gewënnt no 2024 dann och 2025 des Meeschterschaft. Domadder ass de Yannis Weyland dann elo Champion vu Frankräich an Champion vun Däitschland.
De Loris Weyland placéiert sech op enger exzellenter 6. Plaz an der Joreswertung vum DMSJ.
Réckbléck op de Course-Weekend um Hockenheimring
Enn August war déi gréisst Course vum Joer am europäeschen Dragracing. Mat um Depart tëschent den 260 Pilotinnen a Pilote war och d'Famill Weyland.
Wéi gewinnt sinn de Yannis an de Loris Weyland bei de Junior Dragster un den Depart gaangen. D'Starterfeld war grouss, mat eleng 23 Konkurrent bei de Junioren.
De Yannis huet sech mat 0,006 Sekonnen Reaktiounszäit d'Plaz vum Top-Qualifier geséchert. De Loris mat senger 0,121 war op der Plaz 17 ze fannen.
Hire Papp, de Sam Weyland hat e bësse Problemer fir de passende Setup vum Throttlestop ze fannen an ass an der Qualifikatioun op Plaz 7 vun 12 gelant.
Sonndes ass et dunn an d'Eliminatioune gaange. De Yannis hat an der éischter Ronn e "Bye-Run", well hie sech als Beschte qualifizéiert hat. De Loris krut sech géint säi Géigner duerchgesat an ass och weider an déi zweet Ronn komm. Do war dunn awer leider och Schluss fir de Loris.
De Yannis konnt sech bis an d'Halleffinall kämpfen. Mat enger 3. Plaz baut hie seng Féierung an der MSJ-Meeschterschaft aus.
Och fir de Sam Weyland ass et an der Eliminatioun gutt gelaf. Hie verléiert an der Final ganz knapp a gëtt um Enn de gudden Zweeten.
Nächste Rendez-vous ass vum 12.-14. September zou Rivanazzano an Italien .