Fir de Mercedes-Pilot ass et seng 7. Pole a senger Karriär a seng zweeten an dëser Saison.

E Samschdeg de Mëtteg Lëtzebuerger Zäit gouf d'Qualifikatioun fir de Grousse Präis vu Singapur gefuer.

De Mercedes-Pilot George Russell geet e Sonndeg vun der Pole Position an d'Course. Hannert dem Britt fiert de Max Verstappen op der zweeter Plaz fort. Mam Oscar Piastri klasséiert sech deen éischte Papaya-Pilot op der drëtter Plaz, virum Kimi Antonelli. Do hannendrun fueren e Sonndeg de Lando Norris, a béid Ferrari Pilote Lewis Hamilton a Charles Leclerc fort.

An den Top 10 stinn nach den Isack Hadjar, Oliver Bearman an de Fernando Alonso.

Am Laf vum Samschdeg Owend koum dunn nach d'Nouvelle, dass béid Williams Autoen am Qualifying disqualifizéiert goufen, dat well den Heckfliigel an den DRS Zonen ze weit op war. Deemno starte béid Williams-Piloten Alex Albon a Carlos Sainz vun de Positiounen 19 an 20 an d'Course. Am Qualifying hate si nach d'Positiounen 12 an 12 areecht.

Séiersten am Q1 war e bëssi iwwerraschend de Lewis Hamilton, virum George Russell an de Lando Norris. Net an de Q2 hunn et follgend Fuerer gepackt: Gabriel Bortoleto op Sauber, Lance Stroll op Aston Martin, den Alpine Fuerer Franco Colapinto, Esteban Ocon op Haas an den zweeten Alpine Fuerer Pierre Gasly.

Am Q2 huet sech un der Spëtzt d'Blat gedréint. Hei war et net mei Ferrari déi Nues vir haten, mee Mercedes a Persoun vum George Russell, viru Max Verstappen op Red Bull. Am Q2 eliminéiert gi sinn de Nico Hülkenberg op der 11. Positioun, den Alex Albon a Carlos Sainz op Williams, Liam Lawson op Racing Bulls an de Red Bull Pilot Yuki Tsunoda. Deemno eng weider Enttäuschung fir de Japaner.

Am Q3 war dann op en Neits kee Kraut géint de George Russell gewuess, dee fir zweet an dëser Saison vun der Pole an d'Course wäert goen.

D'Course e Sonndeg iwwerdroe mir live vun 13h15 un. Den Depart zu Singapur ass dann um 14h00. Suivéiert de Grousse Präis vu Singapur live op RTL ZWEE an RTL PLAY.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 SINGAPORE AIRLINES SINGAPORE GRAND PRIX 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025