Souverän Victoire fir den Thomas Krasonis, Gil Linster op Plaz 6

© Imagify / Julien Ramos
Dëse Weekend goufen zu Zolder déi zwou lescht Coursse vun der Euro-NASCAR-Saison 2025 gefuer.
Aus Lëtzebuergescher Siicht ass de Weekend gutt gestart. De Gil Linster konnt schonn am éischte fräien Training e staarkt Zeeche setzen an ass als Zweeten ukomm. Am zweete fräien Training ass hien dann déi séierst Zäit gefuer. Am Qualifying e Samschdeg huet hien allerdéngs säi Potenzial net ganz kënnen ëmsetzen. Wéi hie seng séier Ronn wollt fueren, gouf d’Session mam Roude Fändel ofgebrach, nodeems de Claudio Cappelli säin Auto an de Kräsi gesat hat. Fir de Gil Linster gouf et domat nëmmen déi siwent Startplaz.
D'Pole Position ass un den aktuelle Leader am Championnat Thomas Krasonis gaangen, deen och eng souverän Victoire gefeiert huet – virum Titelverdeedeger Martin Doubek. Beim Gil Linster sengem Team huet een e Risiko mam Loftdrock geholl, dee sech leider net ausbezuelt huet. Trotz engem staarke Start, wou hien direkt op Plaz 4 virgefuer ass, konnt hien dës Positioun net bis zum Schluss verdeedegen an ass schlussendlech als Sechsten iwwert d’Zil komm.
„Jo, mir hunn eppes probéiert, mee et huet leider net geklappt,” sot en enttäuschte Gil Linster no der Course.