Den Thomas Krasonis gëtt Champion, virzäitegen Aus fir de Gil Linster
An der leschter Course vun der EuroNASCAR-Saison konnt den Thomas Krasonis sech mat enger drëtter Plaz den Titel an der EuroNASCAR sécheren.
D’Course gouf vum Tschech Martin Doubek gewonnen, deen domat och Vizechampion ginn ass.
Fir de Gil Linster war et en enttäuschenden Ofschloss vun der Saison: Direkt beim Start ass hien an eng Kollisioun verwéckelt ginn a säin Auto gouf dobäi schwéier beschiedegt. Hien huet nach probéiert, weiderzefueren, mee no e puer Ronnen huet hie misse säi Ford Mustang an der Box parken. Domat war seng Saison 2025 eriwwer.
"Ech konnt näischt maachen. Ech wollt nach auswäichen, mee leider sinn ech dem Thomas (Dombrowski) an den Auto gerannt. D’Course war domat fir eis allebéid eriwwer," sou de Gil Linster no der Course.