Spa-FrancorchampsGutt Resultater fir d'Lëtzebuerger Equipagë bei "3 Hours"

Jeannot Boesen
D'Haaptcourse vum Spa Summer Classic dëse Weekend zu Francorchamps waren "3 Hours" mat net manner ewéi fënnef Lëtzebuerger Equipagen um Depart.

Séierste Lëtzebuerger am Qualifying ware Vermast/Wilwert (87) op Lotus Elan viru Kellen/Munhowen/Schiltz (69) op Mustang. Da koume Konsbruck/Pichonnier (352) a Linster/Rivas (38) alle béid op Ford Mustang. An der 5. Equipage ware Welter/Feltes (160) op BMW 2002.

Pünktlech um 10:00 Auer war de Start vun der 3-Stonne-Course an direkt vun Ufank un huet de Yann Munhowen um Mustang mat der Nummer 69 de rietse Fouss ganz déif ofgetrëppelt an no enger Stonn louche si kuerzzäitlech op Plaz 5. Vermast/Wilwert konnten och ganz gutt mathale mat hirem klenge Lotus Elan a waren zäitweis op der 4. Plaz. Eng Rei Safety-Car-Phasen hunn de Klassement deelweis hefteg duerchernee gehäit. No enger Rei vun technesche Problemer ass de Mustang vu Linster/Rivas op déi 41. Plaz zréckgefall, wou si och sollte bleiwe bis zum Schluss. Konsbruck/Pichonnier koumen op Plaz 35 a Welter/Feltes op déi 26. Plaz op d’Arrivée. De Mustang vum Wengler Racing mat Kellen/Munhowen/Schiltz sinn op der 8. Plaz iwwer d’Arrivée gefuer. Si goufen déi 5. an hirer Klass. Beschte Lëtzebuerger Equipage op der 6. Plaz am General a Vainqueur an hirer Klass goufe Vermast/Wilwert op hirem Lotus Elan, dëst bei 56 gestarten Autoen. D’Course gouf gewonne vu Pedersen/Weiss op Dinetta G4R virun Taylor/Coyne/Wright op Mustang a Faber-Castell/Newall op Shelby Cobra.

Back to Top
CIM LOGO