Porsche Carrera Cup DäitschlandChester Kieffer: Staark éischt Course a Pech an der zweeter

Tom Hoffmann
Bei den éischte Coursse vum Porsche Carrera Cup Däitschland fiert den Chester Kieffer als beschte Rookie iwwer d'Arrivée.
© Flatout Studios

An der éischter Course vum Weekend um Autodromo Internazionale Enzo e Dino Ferrari zu Imola ass den Chester Kieffer vun der 11. Startplaz aus an d’Course gaangen. An deenen éischte Ronne konnt sech de Pilot vu Schumacher CLRT direkt no vir schaffen an huet am staark besate Porsche Cup keng Nervositéit gewisen. Am Géigendeel.

No ronn engem Drëttel vun der Course huet sech eng enk Kampfgrupp gebilt, an där den Chester Kieffer ëmmer nees déi richteg Decisioune getraff huet, op der enger Säit, fir Feeler ze vermeiden, an op der anerer, fir weider Positioune guttzemaachen.

Um Enn ass hien op enger staarker 7. Plaz iwwert d’Arrivée gefuer an hie konnt sech och als beschte Rookie klasséieren. D’Course gouf vum däitschen Theo Oeverhaus gewonnen, dee viru sengem Landsmann Alexander Tauscher an dem Keagan Masters aus Südafrika iwwert d’Arrivée gefuer ass. Eng staark Leeschtung, besonnesch wann ee bedenkt, wéi kompetitiv de Feld am däitsche Porsche-Markepokal ass.

Esou gutt wéi de Samschdeg war, esou dramatesch ass de Sonndeg fir d’Ekipp vu Schumacher CLRT verlaf. De Chester Kieffer war vun der 14. Startplaz an d’Course gaangen. Eng Ausgangspositioun, déi schonn drop higedeit huet, dass et beim Start nach méi turbulent géif gi wéi den Dag virdrun.

A genee esou ass et och komm. Direkt nom Depart koum et zu méi Kollisiounen, an déi den Chester Kieffer souwéi säin Teamkolleeg Flynt Schuring verwéckelt waren. Fir béid Pilote war d’Course domat schonn no net emol engem Tour eriwwer. Den däitschen Theo Oeverhaus konnt sech zu Imola och an der zweeter Course behaapten, déi wéinst engem weideren Accident net op en Enn gefuer ginn ass. Zweete gouf de Keagan Masters aus Südafrika an den däitschen Alexander Tauscher gouf den Drëtten.

Am Rookie-Klassement, dat den Chester Kieffer dës Saison am Porsche Carrera Cup Däitschland gewanne wëll, läit de Lëtzebuerger aktuell op der zweeter Plaz mat zwee Punkte Réckstand op den Hollänner Sam Jongejan.

Déi nächst Statioun léisst net laang op sech waarden. Den nächste Weekend geet et zu Spielberg an Éisträich um Red Bull Ring weider.

Back to Top
CIM LOGO