25. Editioun vum Télévie 1.521.863 Euro fir d'Lutte géint de Kriibs - RTL seet Merci!

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg gouf de groussen Télévie-Spendemarathon mam groussen Télévie-Dag op RTL ofgeschloss.
© Henri Schwirtz

Dat ganzt Joer iwwer hu privat Leit, Benevollen, Veräiner, Associatiounen a Firme sech fir den Télévie agesat, Done gesammelt a sech domadder fir d’Lutte géint de Kriibs staark gemaach.

De 26. Abrëll war de groussen Télévie-Dag op RTL. Moies fréi gouf de Compteur um Radio lancéiert, wou jiddereen nach weider spende konnt. D’Telefonslinne ware vu 7 Auer un op an de ganzen Dag iwwer waren och Live-Schaltungen, Reportagen an Temoignagen um Radio.

Owes an der Live-Emissioun op RTL Télé Lëtzebuerg goufen um Compteur final all d’Donen, déi wärend deem ganze Joer gesammelt goufen, annoncéiert an et koumen 1.521.863 Euro zesummen.

Wéi all Joer geet de ganzen Erléis un d’Kriibsfuerschung hei zu Lëtzebuerg.

E grousse Merci

Am Numm vun all de Concernéierte seet RTL en häerzleche Merci.

E ganz grousse Merci all deenen Aktiven, déi sech d’Joer iwwer fir d’Aktioun asetzen, an och deene Leit, déi den Télévie an hirem Testament vermierkt hunn an domadder och no hirem Doud nach Mënsche gehollef hunn.

Andréck aus de Centres de promesses

Dëst Joer waren d’Télévie-Zentren, aus deene mer och vill flott Fotoandréck erageschéckt kruten, hei:

Fannt all d’Télévie-Fotogalerien op RTL.lu an all d’Informatiounen op televie.rtl.lu.

D’Télévie-Emissioun am Replay

D’Temoignagë vu betraffene Famillen, Impressiounen aus de véier Zenteren, den Optrëtt vum Laura Thorn wéi och déi ganz Emissioun vum groussen Ofschloss fannt Dir am Replay op RTL Play.

D’Emissioun vu 19 bis 19.30 Auer
D’Emissioun vun 20 bis 21 Auer.
Emissioun vun 21 bis 22 Auer
Groussen Télévie-Spendemarathon (4/4)
Emissioun vun 22-23 Auer

Wat gouf an der Vergaangenheet gesammelt?

Alles an allem sinn duerch den Télévie, deen zanter 2002 zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt, bis elo ronn 30 Milliounen Euro fir d’Recherche géint de Kriibs gesammelt ginn.

2025: 1.822.287 Euro
2024: 1.454.376 Euro
2023: 1.639.570 Euro
2022: 2.060.211 Euro
2021: 1.242.004 Euro
2020: 975.136 Euro
2019: 2.005.842 Euro
2018: 1.674.429 Euro
2017: 1.620.455 Euro
2016: 1.567.596 Euro
2015: 1.550.847 Euro
2014: 1.389.098 Euro
2013: 1.153.928 Euro
...

Zesummenaarbecht mat de Belsch zanter 1989

Le Télévie est une opération caritative organisée en Belgique francophone et au Grand-Duché de Luxembourg par RTL-TVI depuis 1989 au profit du F.R.S.-FNRS. Elle permet de récolter des fonds pour aider la recherche scientifique dans sa lutte contre le cancer et la leucémie, chez l’enfant et chez l’adulte. Elle s’achève par une soirée de clôture télévisée.

La somme récoltée est chaque année versée au F.R.S.-FNRS, qui organise l’évaluation des projets scientifiques soumis au Télévie : les projets sélectionnés reçoivent l’intégralité de l’argent récolté, les frais liés à l’évaluation étant pris en charge par le budget propre du F.R.S.-FNRS.

Depuis 2002, RTL Télé Lëtzebuerg au Grand-Duché de Luxembourg participe également au côté de la chaîne belge et organise aussi une grande soirée de clôture en simultané avec celle de RTL-TVI.

Back to Top
CIM LOGO