Wärend de fräien Trainingen hat säin Team Hendriks Motorsport verschidde Setuppe probéiert. E Samschdeg de Moien konnt de Gil Linster sech op Positioun 4 qualifizéieren. Mëttes, an der éischter Course, huet hien déi ganz Zäit mam Thomas Toffel an dem Claudio Cappelli gekämpft. Wärend hien de Cappelli konnt hanner sech halen, ass et him awer net gelongen, den Toffel ze iwwerhuelen. Domat gouf de Gil Linster hanner Toffel a viru Cappelli als Zweeten ofgewonk. Well hien déi drëttséierst Ronn an der Course hat, war hien de Sonndeg vu Positioun 3 an d’Course gaangen.
Genee wéi e Samschdeg huet de Gil Linster déi ganz Course mam Thomas Toffel, dem Claudio Cappelli an dono och mam Thomas Dombrowski gekämpft. Den Thomas Toffel konnt och déi zweet Course gewannen, an dat virum Thomas Dombrowski an dem Gil Linster.
„Leider ass meng Taktik haut net opgaangen“, sou de Gil Linster um Mikro vun RTL. „Ech hat gëschter meng Pneuen zimmlech gutt geschount, fir haut géint Enn vun der Course kënnen ze attackéieren (Um. v. d. Red., d’Piloten hunn ee Set Pneue fir de ganze Weekend). Eng Full Course Yellow huet mir awer e Stréch duerch meng Strategie gemaach. Mee alles an allem sinn ech komplett zefridde mat mengem Weekend.“
Déi nächst Course ass den 23. a 24. Mee zu Le Castellet.