MotorsportZu Luerenzweiler gouf e Méindeg nees d'Biergcourse gefuer

Yannick Gross
60 Joer ass et elo schonn hier, datt dësen Evenement eng éischte Kéier organiséiert gouf.
Zu Luerenzweiler gouf e Méindeg nees déi traditionell Biergcourse gefuer
60 Joer ass et elo schonn hier, datt dësen Evenement eng éischte Kéier organiséiert gouf.

E Méindeg de Mëtteg war zu Luerenzweiler eng weider Editioun vun der traditioneller Biergcourse. No enger flotter Editioun zejoert wollt een et dëst Joer nach besser maachen.

Et war een immens sonnegen Ouschterméindeg, op deem d’Piloten zu Luerenzweiler fir eng weider Editioun vun der Biergcourse un den Depart gaange sinn. Supportere waren iwwerall ronderëm d’Streck ze fannen an d’Piloten op der Pist hunn hiert bescht ginn, obwuel et fir vill vun hinnen déi éischt Course vum Joer war.

No dem Test moies stoung da mëttes d’Course um Programm. Déi gouf an dräi Manchë gefuer. Dobäi waren och dëst Joer vill Piloten aus dem Grand-Duché op der Streck ënnerwee. Nieft de lëtzebuergesche Pilote loung de Fokus virun allem um Patrik Zajelsnik, deen d’lescht Joer gewanne konnt, an och op de Piloten aus der Belsch.

De Paul Krier, President vu “Racing Action Lorentzweiler 04": “Wëll mir de Belsche Laf dëst Joer och hunn, fir de Championnat ze fueren, an do sinn dann natierlech och richteg séier Leit dobäi. Dat ass gutt fir d’Course. An net ze vergiessen de Ramen-Programm mat de Falken Drifter, wat och ëmmer immens spektakulär ass.”

An och den neie Bildschierm, deen an enger vun de Kéieren opgeriicht gouf, ass gutt ukomm. Sou konnten d’Leit, déi op der Streck stoungen, och den Depart gesinn. Wichteg ass d’Biergcourse awer net nëmme fir d’Spectateuren an d’Piloten op der Streck, mee och op anere Pläng.

“Éischtens mol fir d’Veräiner aus dem Duerf. Et sinn der insgesamt 10, déi de Catering hei maachen a wou d’Leit och gutt z’iessen an ze drénke kréien. Natierlech awer och fir de Motorsport selwer. Mir sinn amgaangen ze schaffen, datt mir dat ganzt rëm vill méi no bausse gedroe kréien.”

Duerchsetze konnt sech och dëst Joer op en neits de Patrik Zajelsnik, dat mat engem neie Streckerekord vu knapp iwwer 38 Sekonnen. Beschte Lëtzebuerger war iwwerdeems de Canio Marchione, deen op déi zweet Platz koum. Weider geet et fir vill Pilote vun e Méindeg da schonn a véier Woche mat der Biergcourse zu Eschduerf.

Back to Top
CIM LOGO