24h NürburgringMax-Effekt: Keng Tickete méi fir Depart um Samschdeg

Serge Pauly
De Weekend vu Christi Himmelfaart ginn um Nürburgring déi traditionell "24 Stonnen" gefuer. Wien nach keen Ticket huet, wäert den Depart doheem musse kucken.
MIAMI, FLORIDA - MAY 03: Fifth placed Max Verstappen of the Netherlands and Oracle Red Bull Racing looks on in parc ferme during the F1 Grand Prix of Miami at Miami International Autodrome on May 03, 2026 in Miami, Florida. Mark Thompson/Getty Images/AFP (Photo by Mark Thompson / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP)
De Max Verstappen wäert bei de 24-Stonnen um Nürburgring un den Depart goen.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/Getty Images via AFP

De Max Verstappen suergt fir ee regelrechten Zuschauerboom um Nürburgring. Scho bei senge Preparatiounscourssen an der NLS ware Grand-Prix-Circuit an Nordschleife zimmlech gutt besicht. Dëse Weekend steet den Héichpunkt um Programm: de Max Verstappen start bei der legendärer 24-Stonne-Course.

An dee Spektakel wëllen esouvill Fans gesinn, dass den Organisateur um Méindegmoien annoncéiert huet: fir samschdes si keng Tickete méi ze kréien, alleguer d’Kategorien an d’Packagë sinn ausverkaaft. Et ass déi éischte Kéier an der Geschicht vun der 24h-Course, dass den Interessi vun den Zuschauer esou grouss ass.

Am Kloertext: wien nach keen Ticket huet, soll e Samschdeg net an d’Äifel fueren. D’Caissë bleiwe fir de Start vun der Course zou. 

Als klengen Trouschtpräis ginn et awer nach Dageskaarte fir d'Trainingen en Donneschdeg an e Freideg, respektiv fir d’Arrivée e Sonndeg.

Nieft dem prominenten F1-Star stinn iwwregens och dräi Lëtzebuerger op der Startlëscht. Am Porsche 911 GT3 R Evo vun 48 LOSCH Motorsport by BLACK FALCON ass ënner anerem den Dylan Pereira gemellt, an um BMW M2 CS vu W&S Motorsport fueren ënner anerem de Max Lamesch an de John Marchal mat.

Back to Top
CIM LOGO