Nürburgring "Laangstrecken-Serie"Optakt an d'Saison 2026 gouf wéinst de Wiederkonditiounen ofgesot

Jeannot Boesen
Bei staarkem Niwwel, Schnéi, Reen an Temperaturen ëm de Gefréierpunkt huet den Organisateur den Training bis no 11.00 Auer erausgezunn éier dann decidéiert gouf, den Event ofzesoen.

Den éischte Laf vun der “Nürburgring Laangstrecken-Serie” 2026, bei där de Lëtzebuerger Automobilsportler vum Joer 2025, den Dylan Pereira op engem vu “Losch48" an dem Team “Black Falcon” agesate Porsche GT3 R um Depart ass, ass am Schnéi ënnergaangen.

Bei staarkem Niwwel, Schnéi, Reen an Temperaturen ëm de Gefréierpunkt huet den Organisateur den Training bis no 11.00 Auer erausgezunn éier dann decidéiert gouf, den Event ofzesoen. Den eigentleche Grond waren di äiseg Temperaturen déi den Teams et schwéier gemaach hätten, hir Pneuen op Temperatur ze kréien. Aus Sécherheetsgrënn ass d’Course ofgesot ginn.

Den zweete Laf ass fir den nächste Samschden, den 21. Mäerz geplangt.

Back to Top
CIM LOGO