Basket-EM-QualiFLBB-Damme spille géint d'Ukrain an de Vizeweltmeeschter Frankräich

Yannick Gross
E Mëttwoch an e Samschdeg spillt d’Damme Basketnationalekipp hir éischt Heemmatcher am zweeten Tour vun der EM-Qualifikatioun. Fir den Optakt stinn zwee schwéier Dueller géint d’Ukrain a Frankräich um Programm.
FLBB-Damme preparéiere sech op den zweeten Tour vun der EM-Qualifikatioun
Fir den Optakt stinn zwee schwéier Dueller géint d’Ukrain a Frankräich um Programm. D'nächst Woch spillt d'FLBB-Formatioun a Groussbritannien.

Als Tabellenzweete mat 9 Punkten hat sech d'Damme Basketnationalekipp an der éischter Ronn am Mäerz fir den zweeten Tour qualifizéiert. Belount gouf d'Ekipp duerno an der Auslousung ënner anerem anerem mat engem Match géint den Noper Frankräich, mee och d'Ukrain e Mëttwoch heiheem a Groussbritannien d'nächst Woch si keng einfach Géigner.

Catherine Mreches - FLBB-Nationalspillerin: "Ech mengen d'Favoritte si mir an dësem Grupp net. Mir sinn do fir déi zweet Ronn sou gutt wéi méiglech ze spillen. Mir wëllen eise Basket representéieren, dee mir eis elo sou laang erschafft hunn. Et ass eng Éier, datt mir an déi zweet Ronn komm sinn an natierlech ass et dann logesch, datt mir och géint méi grouss Natioune spillen."

D'Partie e Samschdeg géint de Vizeweltmeeschter Frankräich ass awer sécher déi, déi erausstécht. Et ass warscheinlech de gréisste Match an der Geschicht fir d'FLBB-Dammen an et freet ee sech schonn op dës speziell Erausfuerderung, och wa Frankräich awer net mat hirem beschte Kader spille wäert.

Patrick Unger - FLBB-Dammen Nationaltrainer: "Natierlech ass et fir vill vun de Spillerinne scho besonnesch, géint Frankräich ze spillen. Och wéi ech mat hinne geschwat hat no der Auslousung, hu si sech alleguer immens gefreet op dëse Match. Et ass awer ee schwierege Match, och wa si net mat hirem beschte Kader kommen. Mä déi Spillerinnen, déi dobäi sinn, si relativ gutt, fir net ze soen extrem staark. Et wäert ee komplizéierte Match ginn."

Och am Kader vum de Lëtzebuergerinne ginn et e puer Ännerungen.

Patrick Unger - FLBB-Dammen Nationaltrainer: "Mir mussen eis e bësse veränneren am Verglach zu dem leschte Stage, well béid Etute Schwëstere beispillsweis net mat dobäi sinn. Si sinn um College an den USA. Soss sinn déi al Bekannt mat dobäi a mir mussen ebe kucken déi jonk Spillerinnen, wéi d'Dana Wies oder d'Lara Jemming, gutt ze involvéieren."

Déi éischt zwee Matcher direkt doheem an der Coque ze spillen, ass fir d'Ekipp dann natierlech speziell an och d'FLBB-Dammen hoffen op eng gutt Stëmmung.

Catherine Mreches - FLBB-Nationalspillerin: "Mir hoffen natierlech, datt vill Supportere kommen. Et si jo och scho vill Tickete verkaf ginn. Dat brauche mir definitiv, egal wat fir eng Natioun géint eis spillt. Fir eis ass awer am wichtegsten, datt mir géint jiddereen eis Leeschtung bréngen an ëmmer kämpfen."

D'Partie e Mëttwoch géint d'Ukrain geet ëm 19.00 Auer owes lass. Kucke kënnt Dir dës Partie awer net nëmmen als Supporter live der Coque, mee och am Livestream op RTL.lu.

Invité am Rebound: Ken Diederich
Den Head of Basketball vun der FLBB huet nieft dem Projet vun der U18, och iwwer d'Dammen Nationalekipp geschwat.

Back to Top
CIM LOGO